De Christophe Mirgain, gebuer den 18. August 1902 zu Déifferdeng a gestuerwen den 1. Mäerz 1999 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.[1]

Christophe Mirgain
Gebuer 18. August 1902
Gestuerwen 1. Mäerz 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler

Bis zu sengem Studium als Maschinebauingenieur zu Konstanz, war hien als Foussballspiller an der Jugendekipp vun der Red Boys mat där hien an der Saison 1919-1920 Lëtzebuerger Juniormeeschter gouf. No sengem Studium foung hie mat der Liichtathleetik un. Seng bescht Disziplin waren d'800 Meter wou hien de Landesrekord hat.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden. Hie gouf de fënneften a senger Serie an huet säi Landesrekord ëm méi wéi 3 Sekonnen op 2:05:2 verbessert.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Christophe Mirgain op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Christophe Mirgain op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'