De Marcel Schumann, gebuer de 15. Januar 1901 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 23. Abrëll 1989, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Marcel Schumann
Gebuer 15. Januar 1901
Lëtzebuerg
Gestuerwen 23. Abrëll 1989
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden.[2]

Tëscht dem 25. Februar 1923 am 5. Dezember 1926 huet de Marcel Schumann 5-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Marcel Schumann op der Websäit vu sports-reference.com
  2. de Marcel Schumann op der Websäit vun der 'Association Luxembourgoise des Olympiens'
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Marcel Schumann op der Websäit vun European Football