De Louis Pesch, gebuer als Jean Louis Pesch den 11. Mäerz 1904 zu Kaalmes[1] a gestuerwen den 22. Februar 1959 zu Munneref[2], war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.[3]

Louis Pesch
Gebuer 11. Mäerz 1904
Kaalmes
Gestuerwen 22. Februar 1959
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden.[4]

Zu Éiere vum Louis Pesch gouf am Mee 1960 vum Vëlosclub VC Elva vun Elleng de "Grand Prix Louis Pesch" an d'Liewe geruff[5], deen an de follgende Joerzéngten all Joer vun de Cadete gefuer gouf.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Gebuertsakt Nr. 2 vum 12. Mäerz 1904 aus der Gemeng Sëll
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 26. Februar 1959
  3. De Louis Pesch op der Websäit vu sports-reference.com
  4. De Louis Pesch op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. Grand Prix L. Pesch für Cadets In Bad-Mondorf am Luxemburger Wort vum 7. Mee 1960