De Jos Koetz oder Joseph Koetz, gebuer den 29. Mee 1897 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen den 13. Juni 1976, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Jos Koetz
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard
Gebuer 29. Mee 1897
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 13. Juni 1976
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp Fola Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen, 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]

Tëscht dem 28. August 1920 am 15. Abrëll 1928 huet de Jos Koetz 11-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Jos Koetz op sports-refernce.com
  2. De Jos Koetz op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Gearchiveerd op 2012-02-11. Gekuckt de(n) 2011-05-21.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jos Koetz op der Websäit vun European Football