Tiny Langers
lëtzebuergesche Foussballspiller
Den Tiny Langers oder Martin Langers oder François Langers, gebuer den 29. Dezember 1896 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen 5. Oktober 1929, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Tiny Langers | |
---|---|
![]() Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard | |
Gebuer |
29. Dezember 1896 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
5. Oktober 1929 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Veräin/Ekipp |
Jeunesse Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
![]() |
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen an 1924 zu Paräis vertrueden.[2]
Tëscht dem 28. August 1920 am 11. November 1924 huet den Tiny Langers aachtmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[3]