Den Tartaros war dem Mythos no de Jong vun der Gaia, mä och den Numm vun deem Uert deen ënner dem Hades louch an déi déifst Schicht vun der Ënnerwelt gebilt huet. Dohi sinn d'Feinde vun de Gëtter verbannt ginn. Spéider ass et och den Openthaltsuert vun z. B. Dämone ginn.

Den Tartaros steet am Géigesaz zum Elysion an deem déi Séileg no hirem Doud gelieft hunn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Greek underworld – Biller, Videoen oder Audiodateien