Flag Greece template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer Griicheland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Olymp (gr. Όλυμπος) ass den héchste Bierg a Griicheland. De Massif läit no un der griichescher Ostküst, net wäit ewech vu Litochoron, 50 km nërdlech vun der Stad Larissa. Déi héchst Gipfele sinn de Mytikas (och: Mitikas) mat 2.917 m, gefollegt vum Skolio mat 2.911 m, dem Stefani mat 2.909 m (deen heiansdo och als Troun vum Zeus bezeechent ginn ass) an dem Skala mat 2.866 m. Die éischt Besteigung huet den Heinrich Barth 1862 duerchgefouert, deen awer net den Haaptgipfel Hauptgipfel Mytikas erreecht huet. Dëst ass eréischt dem Christos Kakalos zesumme mam Frédéric Boissonas an Daniel Baud Bovy den 2. August 1913 gelongen.

Haaptgipfelen

Den Olympmassif weis besonnesch geologesch Formatiounen op an eng ganz eege Flora a Fauna. Aus deem Grond ass et schonn 1938 ënner Naturschutz gestallt an 1981 vun der UNESCO zum Biosphärereservat erkläert ginn.

MythologieÄnneren

An der griichescher Mythologie ass den Olymp de Sëtz vun de Gëtter. Etymologesch gesi bedeit de Begrëff souvill wéi "voll vu Liicht". Sou gouf sech de Bierg vun de Gëtter als spirituell, liichterfëllt Plaz virgestallt.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Mount Olympus – Biller, Videoen oder Audiodateien