Dësen Artikel beschäftegt sech mam Typhon aus der griichescher Mythologie. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Typhon.

Den Typhon (och Typhoeus), war de Jong vum Tartaros an der Gaia (no enger anerer Versioun vun der Hera). En huet zu de Gigante gehéiert a war e risegt Ongeheier mat Schlaangeféiss. Mat der Echidna huet en eng sëllegen Ongeheier kritt: de Kerberos, d'Chimaira, d'Krommyonesch Sau, den Orthos, d'Hydra, d'Sphinx, den Neméiesche Léiw an de Lagon.

Säi Kampf mam Zeus ëm d'Weltherrschaft huet em d'Verbanung an den Tartaros abruecht. Enger anerer Versioun no huet den Zeus de Bierg Etna op e gehäit dee sou säi Graf gouf, mä ënner deem hie sech nach heiansdo beweegt huet, wat un den Ausbréch vum Vulkan ze gesi war.

Kuckt och änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Typhon – Biller, Videoen oder Audiodateien