Nina Grach-Jascinsky
D'Nina Grach-Jascinsky, gebuer[1] den 1. August 1903 zu Kischinow am Russesche Räich (haut: Chişinău a Moldawien), gestuerwen 1983, war eng Molerin a Sculptrice.
Nina Grach-Jascinsky | |
---|---|
Gebuer |
1. August 1903 Chișinău |
Gestuerwen | 1983 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur |
Famill | |
Bestuet mat | Pierre Grach |
Si war d'Fra vum Architekt Pierre Grach (1903-1971).
Liewen
ännerenD'Nina Jascinsky ass zu Chişinău, am deemolege Bessarabien, op d'Welt komm. Mat 20 Joer goung si op Bréissel op d'Accadémie des Beaux-arts Konscht studéieren. Si war Schülerin vum Moler Constant Montald an huet do derlaanscht beim Victor Rousseau a beim Égide Rombaux Skulptur geléiert.[[2][3] 1935 huet se véier allegoresch Tableauë fir d'Alberteum op der Bréisseler Weltausstellung gemaach. 1937 hat si eng eegen Ausstellung am Bréisseler Palais des Beaux-arts, an 1939 goufe monumental Wandmolereie vun hir op der Internationaler Waasserausstellung zu Léck gewisen. Si krut eng Commande vu fënnef Bas-reliefen fir dat neit Gebai vun der Lëtzebuerger Handwierkerkummer, deem säin Architekt de Pierre Grach (1903-1971) ass. Si goufen eng Koppel an hu sech bestuet, sou dass si op Lëtzebuerg geplënnert ass an och 1951 duerch Optioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit krut.[4]
Als Sculptrice huet d'Grach-Jascinsky Fraefiguren an engem perséinlechen, klassesche Stil geschaaft. Se huet och kleng Parzeläinsfigure fir Villeroy & Boch entworf. 1947 hat si eng Ausstellung vun hire Figuren um Salon de la Bourse an der Stad Lëtzebuerg.[2][5] 1948 huet si um Fréjoerssalon vum Cercle Artistique de Luxembourg am Escher Stadhaus an 1950 bei der Ausstellung La Sculpture de Plein Air de Belgique beim Erasmushaus zu Anderlecht ausgestallt.[3]
E puermol huet si Skulpturen gemaach fir Gebaier, déi hire Mann entworf hat,[6] déi bekannst dierft den Datzemich virum Stater Kolléisch sinn.[7] Zesummen hu se d'Monument aux morts vu Veianen (1958) an dat vu Wolz (1961) entworf.
1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse a Lily Unden.[8]
D'Nina Grach-Jascinsky huet och Privatstonne ginn, eng vun hire Schülerinne war d'Paule Nolens.
Wierker
änneren- 1936: Allegoresch Biller fir d'Alberteum op der Bréisseler Weltausstellung
- 1940: Bas-reliefer fir d'Portal vun der Handwierkerkummer an der Stad Lëtzebuerg
- 1957: Keramescht Relief fir de Sëtzungssall vun der Chambre des métiers (neien Numm vun der Chambre des Artisans) an der Stad Lëtzebuerg[7]
- 1958 La Capricieuse, Fraen-Keramik fir d Villeroy & Boch déi op der Bréisseler Weltausstellung 1958 ausgestallt gouf
- 1958 Monument aux Morts zu Veianen, zesumme mam Pierre Grach a mam Aurelio Sabbatini.[8]
- 1961: Skulptur vum Monument aux morts zu Wolz
- 1964 (?): Monumental Skulptur virum Kolléisch. D'Statu gëtt Datzemisch vun der Schoulkommunautéit genannt; Modell fir d'Skulptur war den deemolege Schüler Henri Kraus.
- 1964: Büst vun der Groussherzogin Charlotte fir d'Vakanzenheem vun der Action Catholique Féminine Luxembourgeoise zu Eesebur.
- 1966: Medaillon um Dicks-Monument am Dicksgäertchen zu Veianen.
- 1966: Medaillon um Graf vum Marcel Noppeney um Nikloskierfecht
- 1974: Kräizwee an der Kierch Biwels, eng Commande vun der Société électrique de l'Our.
Literatur
änneren- Edouard Kayser, La statue du 'Datzemisch' et son modèle, une histoire méconnue; in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; 2 Bänn; hei, Band I, Ss. 134-141 (ill.).
- Inna Ganschow, Drei Leben der Bildhauerin Nina Grach-Jascinsky, Die Warte vum 1. Abrëll 2021, S.10-11.
Kuckt och
ännerenFotoen
änneren-
Bronze Skulptur virum Stater Kolléisch (Foto 2010).
-
Medaillon Marcel Noppeney.
-
Dicks-Monument am Dicksgäertchen zu Veianen. De Medaillon mam Portrait vum Dicks ass vun der Nina Grach-Jascinsky.
Referenzen
änneren- ↑ Avis am Mémorial N° 23 vum 30. Mäerz 1951, S. 540 Archivéiert de(n) 2011-09-15. Gekuckt de(n) 2009-12-10.
- ↑ 2,0 2,1 (de) Camile Frieden, "Nina Grach- Jascinsky : Zur Bildhauerausstellung im Salon de la Bourse", Luxemburger Wort, 4 maart 1947.
- ↑ 3,0 3,1 (fr) G.M. Matthijs, "Un beau sculpteur : Nina Grach-Jascinsky", Luxemburger Wort, 5 juli 1950.
- ↑ Avis - Indigénat publizéiert am Memorial A N°23 vun 1951
- ↑ (de) "Die Bildhauerin Nina Grach-Fascinsky" (sic), Escher Tageblatt, 08.03.1947.
- ↑ (de) Inna Ganschow, "Drei Leben der Bildhauerin Nina Grach-Jascinsky", Die Warte, 01.04.2021.
- ↑ Chantal Maquet: "Der 'Datzenisch'." forum für Politik, Gesellschaft und Kultur Nr.438, Juli 2024, S.60.
- ↑ "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25 maart 1966.
Dësen Artikel berout gréisstendeels op enger Iwwersetzung vum Artikel Nina Grach-Jascinsky op der hollänneschsproocheger Wikipedia; d'Auteuren stinn do am Historique.