Triny Beckius

lëtzebuergesch Molerin

D'Triny Beckius, gebuer den 22. August 1942 zu Mäertert[1] a gestuerwen den 11. Dezember 2023 zu Iechternach[2] war eng Lëtzebuerger Molerin.

Triny Beckius
Gebuer 22. August 1942
Mäertert
Gestuerwen 11. Dezember 2023
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Papp Jean-Pierre Beckius

Hire Studium huet si an der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis an op der Rijksakademie van Beeldende Kunsten zu Amsterdam gemaach.[3]

D'Triny Beckius huet ënner anerem Landschaftsbiller a Stadvuë gemoolt. Si war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL),[4] op deem sengem Salon se 1961 eng éischt Kéier ausgestallt huet. Ë. a. 1966 hat se eng eegen Ausstellung an der Galerie Bradtké[5], Interart (1969)[6] an an der Galerie Le Cadre (1971). 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg representéiert, zesumme mat der Georgette Beljon, der Monique Brackel, der Solange Frégnac, der Thérèse Frégnac, der Josée Gloden, der Nina Grach-Jascinsky, der Marie-Ange Heiden, der Christiane Heinen, der Huguette Heldenstein, der Erny Heuertz, der Loulou Heuertz, der Valérie Kuborn, der Ger Maas, der Hélène Meer, der Marie-Jeanne Molitor, der Irène Nadler, der Vanna Solofrizzo, der Germaine Spiesse an derLily Unden.[7]

1988 gouf si um Salon du CAL mam Prix mention du public ausgezeechent.[8]

D'Triny Beckius war d'Duechter vum Moler Jean-Pierre Beckius a senger Fra Gabrielle Breyer, an d'Stéifduechter vum Moler Roger Steffen.

Wierker änneren

  • Selbsbildnis, 1963, Ueleg op Léngent

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. H. Lambert, 1992. Anthologie des arts au Luxembourg.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 14. Dezember 2023, S. 28.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. p. 20.
  4. "BECKIUS Triny", Cercle Artistique de Luxembourg.
  5. Jos. Walentiny, "Triny Beckius dans la Galerie Bradtké", Luxemburger Wort, 23. November 1966
  6. Jos. Walentiny, "Exposition Triny Beckius à la galerie Interart", Luxemburger Wort, 14. November 1969.
  7. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25 Mäerz 1966.
  8. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxembourg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. p. 23.