D'Lily Leoni Annemarie, genannt Lily Unden, gebuer de 26. Februar 1908 zu Nidderlonkech a Frankräich, a gestuerwen de 5. September 1989 zu Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Professesch, Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.

Lily Unden
Gebuer 26. Februar 1908
Lonkech
Gestuerwen 5. September 1989
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Moler, Resistenzler
Famill
Papp Émile Charles Unden

Privatliewen änneren

Si war d'Duechter vum Émile Charles Unden, engem Ingenieur aus der Eisenindustrie, a senger Fra Justine. D'Famill déi ursprénglech vu Veianen koum, huet duerno eng Fierwerei an der Millebaach gefouert.

Als Molerin ass se besonnesch bekannt duerch hir Blummentableauen (Ueleg), Nature-morten an hir Portraiten.

Resistenzlerin änneren

Schonn uganks vum Zweete Weltkrich huet si am Dezember 1940 zesumme mat hirem Koseng Victor Unden e „Kommitee fir d'Befreiung vu Lëtzebuerg“ gegrënnt a si hunn ë. a. Fluchziedele verdeelt, politesch Flüchtlingen an hirer Wunneng verstoppt an déi jiddesch Communautéit ënnerstëtzt.

Wéinst hirer Resistenz gouf si den 3. November 1942 vun den Nazie verhaft a koum als éischt an de Prisong am Gronn an duerno op Tréier. Iwwer Köln, Hannover a Berlin koum si den 13. Mee 1943 an d'KZ Ravensbrück. Si huet do misse baussenzeg Aarbechte maachen ier se an d'Schneiderei koum.

De 24. Abrëll 1945 gouf si vum Internationale roude Kräiz als éischt a Schweden evakuéiert, ier se 1945 hannescht op Lëtzebuerg koum. Nom Krich huet si dunn als Konschtprofessesch geschafft.

D'Lily Unden war Member vum Conseil national de la résistance, Matgrënnerin an och Presidentin vun der Amicale des concentrationnaires et prisonnières politiques luxembourgeoises 1940-1945.

Liewenslaf änneren

  • Éischt artistesch Formatioun beim Prof. Josy Meyers
  • 1935: Académie des beaux arts zu Bréissel
  • 1939: Certificat de Capacité vun der Académie vu Metz
  • 1942-1945: Deportéiert an d'KZ Ravensbrück
  • 1945-1947: Chargée de cours am Meedercherslycée zu Lëtzebuerg
  • 1947-1949: Institute of fine Arts zu New York
  • 1948-1951: Stage am Meedercherslycée zu Lëtzebuerg
  • 1951: Nominatioun als Zeecheprofesser am Meedercherslycée zu Lëtzebuerg
  • 1951-1967: Zeecheprofesser an der Beruffsschoul zu Esch-Uelzecht
  • 1967-1972: Zeecheprofesser am Meedercherslycée an der Stad Lëtzebuerg (ersetzt de Professer Prosper Friob)
  • 1972: Pensioun

Literaresch Hiweiser änneren

  • Lily Unden: Gedichter aus dem Kazett:

La solidarité, Fraternité à Ravensbrück, (Integralen Text)

J'ai oublié ton nom, ton visage, tes yeux,
Je sais pourtant que nous étions à deux
Pour tirer le rouleau qui écrasait les cendres,
Et que tu me parlais avec des mots très tendres
De ton pays lointain, d'avenir, de beauté !

J'ai oublié ta voix, ta langue et ton accent,
Compagne inconnue ; mais à travers le temps
Je sens me réchauffant ta main toujours présente
Quand il faisait si froid, quand, glissant sur la pente,
Nous poussions à deux un si lourd wagonnet.

J'ai oublié le jour, la semaine et l'année
Quand, à côté de moi, tu fus soudain nommée
Et que tu m'as quittée, allant vers ton destin !
Mais j'entendrai toujours en d'autres clairs matins,
Les coups de feu claquer et se répercuter.

J'ai oublié ta voix ta prière et ton nom
Mais je sais que ta vie, ta vie dont tu fis don
À ta chère patrie et à l'humanité,
N'a pas été perdue et n'est pas effacée,
Qu'elle vit et revit dans la fraternité.

  • Am Film vum CNA Schwaarze Schnéi huet d'Lily Unden an engem Interview vun hirer haarder Zäit am Krich erzielt[1]
  • Poèmes et chants concentrationnaires[2] ass en CD mat Gedichter aus de Kazetter (och e Gedicht vum Lily Unden)
  • Déi lëtzebuergesch Schrëftstellerin Colette Mart huet Virträg iwwer d'Lilly Unden an der Resistenz gehalen.

Literatur änneren

  • Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg . Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 1987 S.144-145
  • Christiane Schlesser-Knaff. Lily Unden (1908-1989), professeur, artiste-peintre, poète, grande résistante. Sa vie, son œuvre, ses idéaux. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 1991 261 S. ISBN 2-87963-000-2

No hir genannt änneren

A follgenden Uertschaften ass eng Strooss no der Lily Unden genannt: Nidderkuer, Bieles, Schëffleng, Stengefort a Siren.

D'Stad Lëtzebuerg huet am Joer 2023 op der Izeger Knupp – an engem neien Deel vu Bouneweg – och eng vu sechs Stroossen déi den Numm vun enger Fra kruten, no hir genannt[2].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  • Lily Unden op der Säit vum Dictionnaire des auteurs luxembourgeois

Referenzen änneren

  1. [1] Säit vum CNA iwwer hire Film Schwaarze Schnéi
  2. (fr)Bottemer, Benjamin, City Octobre 2023. City 2023. vdl.lu (27.09.2023). Gekuckt de(n) 28.09.2023.