Eng Allegorie (vum algr.: ἄλλον / állon, "eppes anescht" an ἀγορεύειν / agoreúein, "ëffentlech schwätzen") ass e Stilmëttel, an der Literatur oder an der Konscht, fir eppes (meeschtens eppes Abstraktes, wéi eng Iddi oder e Konzept) duerch eppes Konkreetes (eng Persoun, en Déier oder Géigestand) duerzestellen.

Bekannt Allegorien sinn z. B. d'Nationalallegorien, wéi d'Marianne fir Frankräich, d'Germania fir Däitschland, de Roude Léiw fir Lëtzebuerg, asw., oder awer déi vu Wäerter oder Konzepter, wéi d'Justitia (fir d'Gerechtegkeet, déi duerch eng Fra mat verbonnenen Aen (Onparteilechkeet), enger Wo (genee Ofstëmmung) an engerm Schwäert (Duerchsetzungskraaft) an der Hand symboliséiert gëtt), d'Fräiheet (dacks eng Fra mat gesprengte Fesselen), der Doud (duerch e Schankemännche mat enger Séissel symboliséiert), asw. Och Flëss oder Stied ginn dacks duerch Allegorië representéiert.

Beispiller änneren