Eesebuerer Schlass

Schlass zu Eesebuer

D'Eesebuerer Schlass ass e Gebai aus dem 18. Joerhonnert zu Eesebuer, an der Gemeng Jonglënster.

Eesebuerer Schlass
1 Chemin Foret Eisenborn Luxembourg 2011-08.JPG
D'Schlass 2011
Land Lëtzebuerg
Plaz Eesebuer
Koordinaten 49°41'31,03"N, 6°11'5,65"O
Eng 100 Joer éischter, als Landheem vum Pensionat Notre-dame.

GeschichtÄnneren

D'Gebai ass schonn op der Ferraris-Kaart vun ëm 1770 agezeechent.[1] Et war ufanks e Bauerenhaff, a vun 1902 bis 1992 e Klouschter, respektiv e Landhaus vum Pensionat Notre-dame. Nodeems de Staat et iwwerholl hat, gouf et 2009 ënner Denkmalschutz gestallt.[2] 10 Joer laang ass näischt mam Gebai geschitt, dat lues a lues delabréiert ass.

2019 huet de Proprietär, de Fonds du Logement, e Projet fir d'Schlass entwéckelt, deen, am renovéierten ale Gebai an an enger neier Annexe amplaz vun de Wirtschaftsgebaier, 14 Wunnenge virgesäit, mat hannendrun engem groussen ëffentleche Park, dee vun der Gemeng iwwerholl gëtt.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eisenborn Castle – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Schlass vun Eesebuer (Eeseber) ." rtl.lu, Update: 26.08.2019 09:28 .
  2. Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 14. Oktober 2020).