Chambre des métiers
Chambre des métiers ass den offiziellen Numm vun der Handwierkerkummer (och alt Handwierkskammer an Handwierkskummer) zu Lëtzebuerg, der Beruffschamber fir d'Handwierk.
Chambre des métiers (Handwierkerkummer) | |
---|---|
De Sëtz vun der Handwierkerkummer um Kierchbierg | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 04.04.1924 |
Sëtz |
2, Circuit de la Foire Internationale L-1347 Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Tom Oberweis (President) |
Branche | Beruffschamber |
Homepage | www.cdm.lu |
D'Chambre des métiers ass hirersäits Member am Daachverband Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).
Historique
ännerenMam Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut an et si fënnef Beruffschamberen an d'Liewe geruff ginn. Dozou huet deemools och d'Chambre des artisans gehéiert. Den Numm gouf duerch de groussherzoglechen Arrêté vum 8. Oktober 1945[2] an « Chambre des métiers » ëmgeännert.
Duerch d'Gesetz vum 2. September 2011[3] gouf d'Handwierkskummer reorganiséiert.
Memberen
ännerenD'Handwierkskummer vertrëtt iwwer 7.300 Handwierksentreprise mat knapps 92.000 Salariéen, absënns aus der Liewensmëttelindustrie, dem Secteur vun der Moud, Gesondheet an Hygiène, de Beräicher Mechanik, Bau, Kommunikatioun, Multimedia, asw.[4]
Organisatioun
ännerenD'Assemblée plénière vun der Handwierkskummer setzt sech aus 27 Memberen zesummen. Dräi dovu ginn der vun der Fédération des artisans designéiert, déi aner 24 ginn duerch 6 Walgruppe gewielt[5].
Presidenten
ännerenPeriod | President |
---|---|
1925 - 1926 | Pierre Weber |
1926 - 1929 | François Moes |
1929 - 1945 | Jean Witry |
1947 - 1957 | Paul Theisen |
1957 - 1979 | Joseph Bevard |
1979 - 1997 | Ady Kieffer |
1997 - 2007 | Paul Reckinger |
zanter 2007 | Roland Kuhn |
Generaldirekter vun der Handwierkskummer ass den Tom Wirion(Stand 2020).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945 portant réorganisation du statut de la Chambre des Artisans. legilux.public.lu (08.10.1945). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
- ↑ (fr)Loi du 2 septembre 2011 portant réorganisation de la Chambre des Métiers et modifiant la loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce. legilux.public.lu (02.09.2011). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
- ↑ (fr)Rôle, activités et missions. www.cdm.lu. Gekuckt de(n) 13.09.2020.
- ↑ (fr)Règlement grand-ducal du 30 septembre 2011 déterminant le nombre de membres effectifs et suppléants de l'assemblée plénière de la Chambre des Métiers à élire, la composition numérique des groupes électoraux et le nombre de sièges réservés à chaque groupe électoral. legilux.public.lu (30.09.2011). Gekuckt de(n) 13.09.2020.