Nicolas Biever

lëtzebuergesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Nic Biever)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Diddelenger Poltiker a Gewerkschaftler Nicolas Biever. Fir de Veianer Politiker an Entreprener Nicolas Biwer (1871-1944), kuckt wgl. Nicolas Biwer.

Den Nicolas Biever, genannt Nic Biever, gebuer den 22. Mee 1894 zu Diddeleng an och do gestuerwen de 15. Juli 1965, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

Nicolas Biever
Gebuer 22. Mee 1894
Diddeleng
Gestuerwen 15. Juli 1965
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

Liewen änneren

Den Nic Biever war Aarbechter op Arbed Diddeleng. Am Februar 1919 gouf hie Sekretär vun der Verbandssektioun Diddeleng vum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband (LBMV), an am Februar 1920 ee vun den zwéin haaptamtleche Sekretäre vum LBMV. Vun 1938 u war hie President vum Verband.

De 14. Oktober 1924 gouf den Nic Biever Member vum Diddelenger Gemengerot an ass et och bliwwe bis 1951. Vun 1928 bis 1934 a vun 1928 bis 1934 war e Schäffen. Den 1. Mäerz 1925 gouf hien als Deputéierte vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt. Ausser an de Krichsjoren 1940-44 an déi Zäit, wou e Minister war, sollt hien dëst Amt bäibehalen. Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierte Member vun der Assemblée consultative genannt.

Vum 3. Juli 1951 bis den 1. Februar 1959 war hien Aarbechtsminister an de Regierunge Dupong-Bodson a Bech-Bodson, an erëm vum 15. Juli 1964 bis zu sengem Doud, de 15. Juli 1965, an der Regierung Werner-Cravatte.

Nom Nicolas Biever genannt änneren

  • eng Strooss zu Rodange: rue Nicolas Biever (PLZ 4807)
  • eng Strooss zu Esch: rue Nicolas Biever (PLZ 4033)
  • eng Strooss zu Diddeleng: rue Nic. Biever (PLZ 3425)
  • eng Strooss zu Beetebuerg: rue Nicolas Biever (PLZ 3210)
  • de Lycée Nic-Biever zu Diddeleng

Literatur änneren

  • Durlet, Jos, Nic. Biever, Sein Leben - von der Wiege bis zur Bahre, Esch-sur-Alzette: éditpress 1990. ISBN 2-87964-008-3
  • Haag, Emil, 2011. De Nic Biever à Joseph Daleiden: l'évolution du syndicalisme, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 518-527.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Ordre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960 Archivéiert op 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2012-12-30.