Altréier
Altréier oder op der Schanz ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech.
Altréier Op der Schanz | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Altrier de: Altrier |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Bech |
Buergermeeschter | Jill Goeres |
Awunner | 312 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 399 m |
Koordinaten |
49° 45’ 00’’ N 06° 19’ 41’’ O |
Geschicht
ännerenD'Géigend ass warscheinlech schonn an der Jongsteenzäit (zirka 2000-1600 v. Chr.) bewunnt gewiescht, a virdru war et eng Maart- a Festplaz. Al Handelsweeër sinn hei duerchgaangen. Aus der Zäit ëm 430 v. Chr. ass en Tumulus (Grafhiwwel) erhalen.[1].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tumulus op der Schanz.
Zu der Réimerzäit ass eng Strooss do duerchgaangen, eng Niewestreck vun de Verbindunge Reims-Tréier-Köln respektiv Tréier-Tongeren. Et gouf ë. a. tëscht 50 an 250 n. Chr. en Atelier, dee Figuren aus Toun vu réimesch-keltesche Gëtter fabrizéiert huet. 1865 goufen d'Fëllementer vun enger réimescher Maart- a Geriichtshal entdeckt, a méi spéit eng sëllege Votivtafelen, Sailen, Bijouen a Mënzen aus där Zäit. An der Mëtt vum 5. Joerhonnert gouf déi réimesch Uertschaft, mat där et zanter dem 3. Joerhonnert biergof goung, bei Invasioune vun den Hunne komplett zerstéiert. Duerno war d'Plaz joerhonnertelaang onbewunnt.
Déi haiteg Uertschaft gëtt et eréischt zanter dem 18. Joerhonnert. Dat éischt Haus huet e Mathias Comes ëm 1754 op réimesche Fëllementer baue gelooss. Et gouf den 8. Dezember 2009 op d'Zousazlëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Op der Ferraris-Kaart sinn Auff der Schantz just 2-3 Haiser agezeechent. Bis zu der Franséischer Revolutioun huet d'Uertschaft zu der Probstei Iechternach gehéiert. Duerno war se, zesumme mat Hemstel Deel vun der Par a fréierer Gemeng Präiteler.
Am Kadaster vun 1819 si 14 Haiser opgezeechent. 1844 gouf d'Staatsstrooss vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach ugeluecht, wat der Uertschaft e gewëssen Opschwong bruecht huet.
Den offiziellen Numm "Altrier" gouf fréier "Alttrier" geschriwwen. En hätt awer näischt mat Tréier ze dinn, mä kéim entweeder vun "Alt-Driesch" oder vun "Ala Trevis".
Originne vum Numm Op der Schanz
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
An der Zäit vum Drëssegjärege Krich huet de Generol Jean de Beck Schanzen opkéipe gelooss als Verdeedegung géint d'Truppe vum Turenne. Zanterhier gëtt et de Flouer- a spéideren Uertschaftsnumm Op der Schanz.
...[2]
Literatur
änneren- Evy Friedrich: "Römersiedlung und Tumulus von Altrier". In: Revue. Letzeburger Illustre'ert Nr. 30, 1979, S.26-29.
- Franziska Dövener, Altrier revisited - Zum Nachleben einer römischen Siedlung ; in: Hémecht 62, 1, 2010, S. 5-30.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Altréier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Claude Faber, Flouernimm - Op der Schanz op 100komma7.lu de 16. August 2020, gekuckt de 17. August 2020
-
Waassertuerm
-
De Kierchtuerm
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.132-134
- ↑ Flouernimm - Op der Schanz op 100komma7.lu de 16. August 2020.