Waldhaff (Nidderaanwen)
Lieu-dit an der Gemeng Nidderaanwen
De Waldhaff ass e Lieu-dit an der Kadastersektioun Gréngewald vun der Gemeng Nidderaanwen. E läit op enger Héicht vun ca. 416 m (NG-L).
Waldhaff | |
---|---|
D'Nationalstrooss 11 a Richtung Nord-osten. | |
An anere Sproochen |
fr: Waldhof de: Waldhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Nidderaanwen |
Buergermeeschter | Frédéric Ternes (CSV) |
Awunner | 2 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 39’ 27’’ N 06° 11’ 23’’ O |
De Waldhaff läit am Dräieck tëscht der Iechternacherstrooss N11 an dem CR126 deen op de Stafelter geet.
Um Waldhaff fanne mer:
- de Camp Militaire Waldhof allgemeng als d'Munitiounslager bekannt.
- den Haff selwer, deen dem Staat gehéiert a wou fréier eng Besamungsstatioun war, mat Wunnenge fir d'Aarbechter déi am Bësch an an der Bamschoul schaffen. Haut huet d'Forstverwaltung eng Parti vun hire Büroen an dem Deel vun der Besamungsstatioun.
- op der Iechternacherstrooss op der Plaz um Berger den ale Café Waldhaff, haut e Restaurant mat Spillplaz fir Kanner, och am Besëtz vum Staat.
- do dernieft am Bësch, knapps 200 m ewech, en Arboretum wou ee vill rar Zorte Beem gesi kann.
- en Depot vun der Bauverwaltung
- d'Staatsbamschoul
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Waldhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |