Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg

lëtzebuergeschen Dokumentatiouns- a Fuerschungszentrum


Den Dokumentatiounszenter iwwer d'Festung Lëtzebuerg, offiziell Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg (gekierzt: CDF) ass e lëtzebuergeschen Dokumentatiouns- a Fuerschungszentrum iwwer d'Festung Lëtzebuerg, dee säi Sëtz an der Hielepaart am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg huet[1]. En ënnersteet dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht (MNAHA).

Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg
Land Lëtzebuerg
Leedung François Reinert
Adress Hiel
Ënnersteet der/dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht
Gegrënnt 15. Oktober 2004
Um Spaweck https://m3e.public.lu/fr/centre-de-documentation.html

Missiounen änneren

Den Dokumentatiounszenter këmmert sech ëm d'Verwaltung, den Ënnerhalt an den Empfang vun de Visiteure vum Festungsmusée op den Dräi Eechelen. Do dernieft gehéiere follgend Missiounen zum Aufgabeberäich vum Zenter[2]:

  • d'Dokumenter an d'Objete vum Musée sammelen an opwäerten;
  • Visite-guidéeën a verschiddene Sproochen ubidden;
  • temporär Ausstellungen, Colloquen a Konferenzen organiséieren;
  • wëssenschaftlech Fuerschung iwwer d'Festung Lëtzebuerg an d'national Identitéit maachen;
  • mat der Universitéit Lëtzebuerg an aneren ëffentlechen oder private Partner zesummeschaffen absënns wat d'wëssenschaftlech Fuerschung an d'Virbereedung vun temporären Ausstellungen iwwer d'national Identitéit ugeet;
  • mam Institut européen des itinéraires culturels vum Europarot zesummeschaffen, absënns fir e grenziwwerschreidenden Tour iwwer d'Festungsanlagen op d'Been ze stellen.

Direktioun änneren

D'Leedung vum Zenter gëtt vum Direkter vum MNAHA oder engem Delegéierten assuréiert[2]. Aktuell(September 2023) ass de François Reinert Conservateur délégué à la direction[3].

Geschicht änneren

Den Zenter gouf mam groussherzogleche Reglement vum 15. Oktober 2004[4], op der Basis vum Gesetz vum 25. Juni 2004[5] iwwer d'Kulturinstituter vum Staat an d'Liewe geruff an ass sengerzäit an d'Kompetenz vum Service des sites et monuments nationaux gefall.

Mam Reglement vum 26. August 2009[2] ass d'Kompetenz un den deemolege Musée national d'histoire et d'art iwwerdroe ginn. Zanter dem Gesetz vum 16. Dezember 2022 ass den Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht fir den Dokumentatiounszenter zoustänneg[6].

Publikatiounen änneren

Den CDF an/oder MNAHA huet ë. a. follgend Publikatiounen erausginn:

  • Reinert, François et al. Collect10ns  : 2012 - 2022. Luxembourg: Musée Dräi Eechelen, 2022. Print. ISBN 978-2-87985-749-7
  • Koller, Christian et al. Légionnaires  : parcours de guerre et de migrations entre le Luxembourg et la France. Milano: Silvana Editoriale, 2020. Print. ISBN 978-2-87985-665-0
  • Arnould, Cécile et al. Et wor emol e Kanonéier  : l'artillerie au Luxembourg. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-617-9
  • Bruns, Änder, Simone Feis, and François Reinert. À l'assaut du Kirchberg!  : les fortifications du XVIIe au XXIe siècle. Luxembourg: MNHA, 2018. Print. ISBN 978-2-87985-534-9
  • Reinert, François, Cécile Arnould, and Pierre Assenmaker. AE - amis / ennemis  : Mansfeld et le revers de la médaille  : 30 mai - 21 octobre 2018. Luxembourg: MNHA, 2018. Print. ISBN 978-2-87985-533-2
  • Reinert, François, Änder Bruns, and Simone Feis. Luxembourg ville ouverte 1867  : 150e anniversaire du Traité de Londres du 11 mai 1867. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2017. Print. ISBN 978-2-87985-473-1
  • Reinert, François, Änder Bruns, and Simone Feis. Pont Adolphe 1903. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2016. Print. ISBN 978-2-87985-401-4
  • Reinert, François, and Änder Bruns. Genie und Festung  : Luxemburger Festungspläne in der Staatsbibliothek zu Berlin. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2013. Print. ISBN 978-2-87985-221-8
  • Thill, Edmond, Peter Fritzen, and Susanne Lange. Charles Bernhoeft  : photographe de la Belle Époque. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2014. Print. ISBN 978-2-87985-269-0
  •  Bruns, Änder. Bundesfestung Luxemburg  : 1815 - 1866. Luxembourg: MNHA - Musée Dräi Eechelen, 2012. Print. ISBN 978-2-87985-185-3

Um Spaweck änneren

Commons: Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Centre de documentation. m3e.public.lu (2023-03-13). Gekuckt de(n) 2023-09-23.
  2. 2,0 2,1 2,2 (fr)Règlement grand-ducal du 26 août 2009 portant création d'un Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg auprès du Musée national d'histoire et d'art. http://data.legilux.public.lu+(26.08.2009).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.
  3. (fr)Équipe. m3e.public.lu (2023-03-15). Gekuckt de(n) 2023-09-23.
  4. (fr)Règlement grand-ducal du 15 octobre 2004 portant création et organisation du Centre de documentation sur la forteresse du Luxembourg. http://data.legilux.public.lu+(15.10.2004).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.
  5. (fr)Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. http://data.legilux.public.lu+(25.06.2004).+Gekuckt de(n) 22.09.2004.
  6. (fr)Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. http://data.legilux.public.lu+(16.12.2022).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.