Michel Polfer
De Michel Polfer, gebuer den 9. Juni 1964 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Historiker, Archeolog a Muséesdirekter.
Michel Polfer | |
---|---|
![]() De Michel Polfer intervenéiert un der Table ronde Le milieu culturel luxembourgeois sous l'Occupation allemande am Januar 2014 am Auditoire vum Cité. | |
Gebuer | 9. Juni 1964 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Fonctioun | Muséesdirekter |
![]() |
Hien huet um Centre universitaire an der Stad an duerno zu Freiburg im Breisgau Däitsch, Geschicht an Archeologie studéiert. Zu Freiburg huet hie säin Doktorat a Réimescher Archeologie gemaach an zu Metz seng Habilitatioun.
Hien huet seng Karriär als Geschichtsprofesser am Lycée technique d'Ettelbruck ugefaangen, an war och Professeur associé op der Uni Lëtzebuerg. Vu Februar 2006 bis zu senger Pensioun, Enn 2024, war hien Direkter vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht,
2007 gouf de Michel Polfer als Membre effectif an d'Section historique vum Institut grand-ducal opgeholl.
Hien huet eng sëllege geschichtlech an archeologesch Fuerschungsaarbechte publizéiert. Seng Schwéierpunkttheme si réimesch Nekropolen a Begriefnesritualer, réimescht Handwierk an d'Besiidlungsgeschicht vun der Géigend tëscht der Meuse an der Musel an der Réimerzäit an am fréie Mëttelalter.
Um Spaweck
ännerenCommons: Michel Polfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |