Messier 6
De Messier 6 (och als NGC 6405 bezeechent) ass e 4,2 mag hellen oppene Stärekoup am Ostdeel vum Stärebild Scorpius, nërdlech vum Stär Lesath. De Stärekoup huet eng visuell Ausdeenung vun 33' an ass ronn 1.600 Liichtjoer vun der Äerd ewech. De Messier 6 war schonn an der Antiquitéit bekannt a gëtt heiansdo och Päiperlekskoup genannt. Hien ass a Mëtteleuropa schwéier ze gesinn, awer a südleche Breeten ass et en opfällegen Objet.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
. | |||||
Stärebild | Scorpius (Sco)
| ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 17h 40m 18s | ||||
Deklinatioun | −32° 12′ | ||||
Ausgesinn | |||||
Visuell Magnitude | +4,2 magm | ||||
Wénkelduerchmiesser | 33' | ||||
Stären | zirka 80 | ||||
Hellste Stär | BM Scorpii, +6,17m | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Distanz | zirka 1.600 Lj.(Lj) | ||||
Absolutten Duerchmiesser | zirka 12 Lj | ||||
Alter | zirka 100 Mio. | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | G. B. Hodierna | ||||
Entdeckungsdatum | 1654 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 6 | ||||
NGC | 6405 | ||||
C | 1736-321 | ||||
GC | 4318 | ||||
h | 3699 | ||||
ESO | 455-SC030 | ||||
Cr | 341 | ||||
Lund | 769 | ||||
Mel | 178 |
Entdeckung
ännerenDen oppene Stärekoup gouf an der Zäit viru 1654 vum italieeneschen Astronom Giovanni Battista Hodierna entdeckt. Et gëtt ugeholl, datt schonn de Claudius Ptolemäus de Messier 6 bei der Observatioun vum Messier 7 gesi konnt hunn. Dat ass awer net sécher. Onofhängeg dovun observéiert 1745 oder 1746 de Schwäizer Jean-Philippe de Chéseaux de Messier 6. Beim Nicolas-Louis de Lacaille krut hien d'Bezeechnung Lac III 12. Hien hat de Stärekoup 1752 um Kap vun der Gudder Hoffnung observéiert. De Charles Messier huet de Stärekoup den 23. Mee 1764 obsevéiert an huet en als Nummer 6 a säi Katalog agedroen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Messier 6 – Biller, Videoen oder Audiodateien |