Lesath (Stär)
Stär
De Lesath (Leschath, Lesuth) ass den Numm vum Stär υ (Ypsilon Scorpii) am Stärebild Scorpius De Lesath huet eng visuell Magnitude vu +2,8 mag. a gehéiert zu der Spektralklass B3 an ass zirka 519 Liichtjoer ewech. Den arabeschen Numm bedeit „Stéch/Bëss (vun engem gëftegen Déier)“. De Lesath ass e Member vun der Gould Ceinture.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
- Rektaszensioun 17h 27m 24s
- Deklinatioun -37° 15' 0"