De Messier 101 (och als NGC 5457, Pinwheel-Galaxie oder Feierrad-Galaxie bezeechent) ass eng Spiralgalaxie mat enger Gréisst vun 28,8' × 26,9' an enger visueller Magnitude vu 7,5 mag am Stärebild Ursa Major. Hir Distanz zu eiser Sonn ass 27 Millioune Liichtjoer, hiren Duerchmiesser ass 170.000 Lj.

Messier 101
Pinwheel-Galaxie
Foto vun der Spiralgalaxie Messier 101 opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Ursa Major (UMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 14h3m12.51s
Deklinatioun +54°20′53.1″
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SAB(rs)cd
Visuell Magnitude 7,5 magm
Wénkelduerchmiesser 28.8/26.9
Physikalesch Donnéeën
Distanz   27 Mio. Lj.(Lj)
Radialvitess  (+241 ± 2)
Absolutten Duerchmiesser  170.000 Lj
Geschicht
Entdecker  Pierre Méchain
Entdeckungsdatum  27. Mäerz 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  101
NGC  5457
PGC  50063
Arp  26
UGC  8981
MCG  +9-23-28
GC  3770
h  1744
IRAS  14013+5435

Zu der Messier 101-Grupp gehéiere fënnef prominent Begleetgalaxien: NGC 5204, NGC 5474, NGC 5477, NGC 5585 an Holmberg IV[1].

Observatiounsgeschicht änneren

De Messier 101 gouf de 27. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt.

Den 28. Februar 2006 hunn d'NASA an ESA en imponéierend Bild publizéiert, dat gréisst an detailléiertst Bild vun enger Galaxie, dat mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop gemaach gouf[2]. D'Bild gouf aus iwwer 51 Fotoen zuesummegesat.

De 24. August 2011[3] gouf am M101 eng Supernova vum Typ Ia entdeckt, déi d'Bezeechnung SN 2011fe[4] krut.

Aner Biller änneren

 
Infraroutfoto opgeholl vum SST
 
Ultraviolettfoto vum GALEX
 
Amateurastronomesch Foto vum Messier 101
 
M101 Foto vum Thomas Westerhoff

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Messier 101 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. engl. WP
  2. Hubblesite.org: http://hubblesite.org/newscenter/newsdesk/archive/releases/2006/10/image/a
  3. The Astronomers Telegramm: http://www.astronomerstelegram.org/?read=3581
  4. The Astronomers Telegramm: http://www.astronomerstelegram.org/?read=3597