Atlas of Peculiar Galaxies

Am Atlas of Peculiar Galaxies, dee vum Halton Arp an den 1960er Joren zesummegestallt gouf, si Fotoe vun 338 ongewéinleche Galaxien.

D'Antennegalaxis (Arp 244)

Den Arp huet a sengen Aarbechten a Lëschten a bei aneren Astronomen no Galaxië mat ongewéinlecher Struktur gesicht. Wa fir een ausgewielten Objet nach keng gutt Foto do war, dann huet hie mat dem 5 m-Teleskop vum Palomar-Observatoire ënner gudden Observatiounsbedingungen eng Foto am bloe Spektralberäich opgeholl.

Am Atlas si Fotoe vun 338 Objeten, déi duerchnumeréiert goufen, z. B. Arp 220. Den Arp ënnerdeelt säi Katalog mat ongewéinleche Galaxien no reng morphologesche Krittären a follgend Gruppen:

  • Spiralgalaxis mat klenger Flächenhellegkeet (1-6)
  • Spiralgalaxis mat gespléckten Äerm (7-12)
  • Spiralgalaxis mat ofgetrennten Ofschnëtter (13-18)
  • Spiralgalaxis mat dräi Äerm (19-21)
  • Spiralgalaxis mat engem Aarm (22-24)
  • Spiralgalaxis mat engem opfällegem Aarm (25-30)
  • Spiralgalaxis mat der Form vun engem Integralzeechen (31-36)
  • Spiralgalaxis mat engem Begleedeer mat niddreger Flächenhellegkeet op engem Aarm (37-48)
  • Spiralgalaxis mat engem klenge Begleeder mat héijer Flächenhellegkeet op engem Aarm (49-78)
  • Spiralgalaxis mat engem grousse Begleeder mat héijer Flächenhellegkeet op engem Aarm (79-91)
  • Spiralgalaxis mat engem elliptesche Begleeder op engem Aarm (92-101)
  • Elliptesch Galaxis mat Verbindung zu Spiralen (102-108)
  • Elliptesch Galaxis déi Spiraläerm ofstéisst (109-112)
  • Elliptesch Galaxis déi op eng Spiralgalaxis histeiert (113-132)
  • Elliptesch Galaxis mat noe Fragmenter (133-136)
  • Elliptesch Galaxis mat ausstréimender Matière (137-145)
  • Galaxis mat associéierte Réng (153-160)
  • Galaxis mat Jets (149-152)
  • Gestéiert Galaxis mat bannenzeger Absorptioun (153-160)
  • Galaxis mat diffuse Filamenter (161-166)
  • Galaxis mat diffuse Géigenäerm (162-172)
  • Galaxis mat schmuele Géigenäerm (173-178)
  • Galaxis mat schmuele Filamenter (179-193)
  • Galaxis mat vum Kär ausgeschleiderter Matière (194-208)
  • Galaxis mat Onreegelméissegkeeten, Absorptioun an Opléisung (209-214)
  • Galaxis mat ugrenzende Schleefen (215-280)
  • Galaxis mat amorphe Spiraläerm (221-226)
  • Galaxis mat konzentresche Réng (227-231)
  • Galaxis mat Unzeeche fir Opspléckung (233-256)
  • Galaxis mat onreegelméissege Bätz (257-268)
  • Duebelgalaxis mat verbonnenen Äerm (269-274)
  • Interaktiv Duebelgalaxis (275-280)
  • Duebelgalaxis mat Astréimung an Unzéiung (281-286)
  • Galaxis mat Wandeffekter (287-292)
  • Galaxis mat laange Filamenter (294-297)
  • Gruppe vu Galaxien (311-321)
  • Kette vu Galaxien (322-332)

Den Arp-Katalog war Ausgangspunkt vu villen detailléierten Ënnersichunge vun ongewéinlechen an interaktive Galaxien, och wa spezifesche morphologesche Aklasséierungen an e puer Basismodellvirstellunge vum Arp haut dacks manner Bedeitung bäigemooss gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Arp, H., Atlas of Peculiar Galaxies, Astrophysical Journal Supplement Series 14, 1 (1966) – Zesummefassend Publikatioun
  • Arp, H., Atlas of Peculiar Galaxies, California Institute of Technology, Pasadena (1966) - Eigentlechen Atlas

Um Spaweck änneren

Commons: Atlas of Peculiar Galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien