Lysithea (Mound)
De Jupitermound Lysithea (oder Jupiter X) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 11.717.000 km |
Periapsis | 10.400.000 km |
Apoapsis | 13.034.000 km |
Exzentrizitéit | 0,1124 |
Ëmlafzäit | 259,20 Deeg |
Ëmlafvitess | 3,28 km/s |
Inklinatioun | 28,302° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 36 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 18,3 |
Entdeckung | |
Entdecker | S. B. Nicholson |
Entdeckungsdatum | 6. Juli 1938 |
Entdeckung
ännerenDe Lysithea gouf de 6. Juli 1938 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount-Wilson-Observatoire entdeckt. De Mound gouf no der Lysithea, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt. E krut den offiziellen Numm am Joer 1975, virdru gouf hien als als Jupiter X bezeechent.
Bunndaten
ännerenDe Lysithea kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 11.717.000 km. Eng Ëmdréiung ëm de Jupiter mécht hien an 250 Deeg, 4 Stonnen an 48 Minutten. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun ongeféier 0,11 an hien ass 28,3° géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, déi ongeféier mat dem Bunnplang vum Jupiter zesummefällt, gebéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound zu der Himalia-Grupp gezielt.
Physikalesch Daten
ännerenDe Lysithea huet e mëttleren Duerchmiesser vu 36 km. Seng Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus silikateschem Gestengs besteet. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 18,3m.