De Seth Barnes Nicholson, gebuer den 12. November 1891 zu Springfield am Illinois a gestuerwen den 2. Juli 1963 zu Los Angeles war en US-amerikaneschen Astronom.

Seth Barnes Nicholson
Gebuer 12. November 1891
Springfield
Gestuerwen 2. Juli 1963
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun Drake University
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences

Liewen änneren

Den Nicholson ass an der ländlecher Ëmgéigend vun Illinois grouss ginn an huet duerno op der Drake Universéit studéiert gemaach, wou säin Interessi fir d'Astronomie waakreg hat.

Am Joer 1914 huet hien um Lick-Observatoire vun der Universitéit vu Kalifornien dee frësch entdeckte Jupitermound, spéider Pasiphae genannt, observéiert. Dobäi hat hien e weidere Mound beim Jupiter, de (Sinope) entdeckt, deen d'Bezeechnung Jupitermound IX krut. Am Kader vu senger Dokteraarbecht huet den Nicholson d'Bunn vum Mound am Joer 1915 berechent. 1916 huet hien den Asteroid (878) Mildred entdeckt.

A sengem weidere Beruffsliewe war hien um Mount Wilson-Observatoire, wou hien dräi weider Jupitermounden, de Lysithea, de Carme (alle béid am Joer 1938) an den Ananke am Joer 1951 souwéi den trojaneschen Asteroid (1647) Menelaus, entdeckt hat. Ausserdeem huet hien d'Bunne vun en ettleche Koméiten a vum Zwergplanéit (134340) Pluto berechent.

D'Mounde Sinope, Lysithea, Carme an Ananke goufen ufanks einfach als d'Jupitermounde IX, X, XI an XII bezeechent. Eréischt am Joer 1975 krute si hiren Numm vun der I.A.U..

Dem Nicholson seng Haaptaufgab um Mount Wilson-Observatoire war d'ënnersiche vun der Sonnenaktivitéit, woubäi hien iwwer Joerzéngten ewech Joresberichter iwwer Sonneflecken-Aktivitéite verfaasst hat. Hie war bei en ettlechen Expeditioune fir d'Observatioun vu Sonnendäischterten derbäi, fir d'Hellegkeet an d'Temperatur vun der Sonnekorona ze bestëmmen.

An de fréien 1920er Joren huet hien zesumme mam Edison Pettit déi éischt systematesch Ënnersichunge vun Himmelskierper am Infrarout-Beräich gemaach. D'Miessung vun der Infraroutstralung vum Äerdmound an déi doraus ofgeleet Temperaturen hunn zu der richteger Theorie gefouert, datt d'Mounduewerfläch mat enger dënner Stëbsschicht iwwerzunn ass, déi isoléiert. D'Temperaturmiessunge vu Roude Risen hat éischt Hiweiser fir d'Bestëmmung vu Stärenduerchmiesseren erginn.

Vun 1943 bis 1955 war hien als Editeur a Vizepresident fir d'Astronomical Society of the Pacific am Asaz. 1963 gouf hie fir seng Verdéngschter mat der Bruce Medail geéiert.

Asteroidenentdeckungen: 2
(878) Mildred 6. September 1916
(1647) Menelaus 23. Juni 1957

De Moundkrater Nicholson, de Marskrater Nicholson an d'Regio Nicholson um Jupitermound Ganymed sinn no him genannt.

Literatur änneren

  • John Daintith, Sarah Mitchell, E. Tootill, D. Gjertsen: Biographical encyclopedia of scientists. CRC Press. ISBN 0-7503-0287-9

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren