Lycée technique Mathias-Adam
De Lycée technique Mathias-Adam, kuerz LTMA, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul zu Péiteng, déi nom lëtzebuergesche Pedagog Mathias Adam (1850 - 1936) genannt ass.
Inhaltsverzeechnes
HistoriqueÄnneren
Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum Enseignement moyen zu Lëtzebuerg, gouf duerch groussherzoglecht Reglement vum 27. Mee 1966 de Collège d'enseignement moyen zu Péiteng an d'Liewe geruff, aus deem dann duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 13. Juli 1979 en technesche Lycée mat der Bezeechnung Lycée technique Mathias-Adam gouf.
D'Regierung krut duerch d'Gesetz vum 27. Mee 2002 d'Erlaabnes fir en neit Gebai fir de Lycée zu Rolleng [1] ze bauen. Den éischte Spuetstech fir dat Gebai gouf den 9. Februar 2004 a Presenz vun der Erzéiungsministesch Anne Brasseur an der Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges gemaach. De 17. September 2008 konnten déi éischt Schüler an dat neit Gebai anzéien.
DirekterenÄnneren
- Cornel Meder
- Léon Beffort
- Edgar Muller
- Pascal Marin
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Websäit vum Lycée technique Mathias Adam
- Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 27 mai 1966 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Pétange
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant... le Collège d'enseignement moyen de Pétange... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières
- Loi du 27 mai 2002 autorisant le Gouvernement à construire un nouveau bâtiment pour le Lycée technique Mathias Adam de Pétange...
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Sektioun B vu Péiteng ass Rolleng