Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Educatiounsministère)

Deen dacks als Educatiounsministère genannte Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ((fr)Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, gekierzt MENEJ) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee fir d'Beräicher vun der Bildung, de Kanner an der Jugend zoustänneg ass.

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Den Educatiounsministère (lénkst Gebai)
Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Land Lëtzebuerg
Minister Claude Meisch
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 33, Rives de Clausen L-2165 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck http://www.men.public.lu/fr/index.html, https://menej.gouvernement.lu/

Allgemenges änneren

Ee vun den Haaptbestanddeeler vun der Bildungspolitik vum Ministère ass et, fir de Bildungssystem ëmmer nees un d'Entwécklung vun der Gesellschaft an d'Besoine vun der Bevëlkerung unzepassen.

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Educatiounsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

  • Museksschoulen: Entwécklung vu Museksunterrecht; pedagogesch a kulturell Koordinatioun vun de Musekscoursen an de Schoulen, de Betreiungsstrukturen, de Museksschoulen an de Conservatoiren.
  • Grondschoul: Allgemeng Politik vun der Grondschoul; Entwécklung vun der Offer vun der ëffentlecher Grondschoul; Planifikatioun an Zoudeele vun de Finanz- a Personalressourcen; Qualitéitskontroll vum Enseignement.
  • Secondaire: Allgemeng Politik vun de Secondairesschoulen; Entwécklung vun der Offer am Secondaire (General, Classique, ëffentlech international Schoulen); Planifikatioun an Zoudeele vun de Finanz- a Personalressourcen; Qualitéitskontroll vum Enseignement; Lycéeën, Direktioune vun de Lycéeën; Definitioun an Ausstelle vun den nationalen Diplomer.
  • Beruffsausbildung
  • Internater a Logementer fir Schüler: Entwécklung vu Konzepter vu Logementer fir déi Jonk, mat an ouni spezifesch pedagogesch Betreiung; Gestaltung vun neien Internater an Ausbau vun deenen déi scho bestinn.
  • Inklusioun: Allgemeng Politik a Promotioun vum inklusiven Enseignement; Ausbau vun der Qualitéit vum System fir Schüler mat spezifesche pedagogesche Bedierfnesser opzehuelen; Kompetenzzenteren an der Psychopedagogie; national Kommissioune fir Inklusioun, Koordinatioun mat de Gestionnaire vu sozial- a psychotherapeuteschen Zentren; nationale Service fir den inklusiven Enseignement.
  • Kanner- a Familljenhëllef
  • Rechter vum Kand
  • Adoptiounen
  • Erwuessenebildung
  • Digital Léieren
  • Service vun de Schoul- an Universitéitsrestauranten (Restopolis)

D'Promotioun vum Lëtzebuergeschen, déi bis 2023 ënner d'Kompetenz vum Educatiounsministère gefall ass, gëtt elo vum Kulturministère iwwerholl.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.