Lycée Mathias-Adam

Secondairesschoul zu Rolleng (Péiteng)

De Lycée Mathias-Adam, kuerz LMA oder LyMA, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Rolleng an der Gemeng Péiteng. Se huet nach eng Annex am Gebai „Jenker“ zu Déifferdeng.

Lycée Mathias-Adam
Den LMA am Oktober 2008
(LMA, LyMA)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Rolleng, Déifferdeng
Adress Avenue de l'Europe, L-4802 Rolleng, Rue Pierre Frieden L-4560 Déifferdeng
Leedung Pascal Marin
Schülerzuel 2.050
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 27. Mee 1966
Genannt no Mathias Adam
Um Spaweck https://www.lyma.lu

D'Schoul ass nom lëtzebuergesche Pedagog Mathias Adam (1850 - 1936) genannt.

Historique änneren

Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum Enseignement moyen zu Lëtzebuerg[1], gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 27. Mee 1966 de Collège d'enseignement moyen zu Péiteng an d'Liewe geruff[2].

1979 kënnt en neit Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Beruffsausbildung an den technesche Secondairesschoulen[3]. Doduerch gëtt d'Mëttelschoul (enseignement moyen) ofgeschaaft. Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 1979 gouf d'Schoul e Lycée technique a krut den Numm « Lycée technique Mathias Adam ».

Den 30. November 2020 krut d'Schoul mam groussherzogleche Reglement vum 30. November 2020 den neien Numm „Lycée Mathias-Adam”[4].

D'Regierung krut duerch d'Gesetz vum 27. Mee 2002 d'Erlabnes fir en neit Gebai fir de Lycée zu Rolleng[5] ze bauen[6]. De Budget war op knapp 107 Milliounen Euro festgeluecht. Den éischte Spuetestéch fir dat Gebai gouf den 9. Februar 2004 a Presenz vun der Erzéiungsministesch Anne Brasseur an der Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges gemaach. De 17. September 2008 konnten déi éischt Schüler an dat neit Gebai anzéien.

Direkteren änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen. legilux.lu (16.08.1965). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 27 mai 1966 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Pétange. legilux.lu (27.05.1966). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  3. Loi du 21 mai 1979 portant 1. organisation de la formation professionnelle et de l'enseignement secondaire technique 2. organisation de la formation professionnelle continue.. legilux.lu (21.05.1979). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  4. Règlement grand-ducal du 30 novembre 2020 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 13 juillet 1979 transformant l'Institut d'enseignement agricole, l'École des Arts et Métiers, l'École Professionnelle de l'État à Esch-sur-Alzette, le Centre d'enseignement professionnel de Diekirch (École Hôtelière), le Collège d'enseignement moyen et professionnel de l'Est, le Collège d'enseignement moyen de Pétange, le Collège d'enseignement moyen et professionnel de Dudelange, l'École de Commerce et de Gestion en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. - Legilux. legilux.public.lu (30.11.2020). Gekuckt de(n) 10.12.2020.
  5. D'Sektioun B vu Péiteng ass Rolleng
  6. Loi du 27 mai 2002 autorisant le Gouvernement à construire un nouveau bâtiment pour le Lycée technique Mathias Adam de Pétange y compris l'aménagement des alentours. legilux.lu (27.05.2002). Gekuckt de(n) 30.09.2022.