Waldbëlleger Affär

Serie vu Muerden

Mat Waldbëlleger Affär gëtt eng Serie vu 5 Muerde bezeechent, deenen hir Auteuren, wéi och hir Affer, Member vun enger Gangsterband waren (déi och alt Waldbëlleger Band genannt gouf).

Dës Band huet, a verschiddenen Zesummesetzungen, tëscht Januar 1983 an Oktober 1985 22 brutal Iwwerfäll op Bijouterien, Geldtransporter a Banken zu Lëtzebuerg gemaach. Hiren Numm huet se dofir, well den Auteur vun deene meeschte Muerden, Carlo Fett, zu Waldbëlleg gewunnt huet, wou och déi Komplize vun der Band, déi als net sécher gegollt hunn, doutgemaach an hir Läiche verbrannt goufen. De Guy Hertert, den Nico Reisdorff an de Jos Bernardy hunn zur Band gehéiert an hunn déi meescht Iwwerfäll jeeweils zu zwéi gemaach.

Op de Kont vun där Band gi weiderhin en Doudesaffer bei der Police (de Patrice Conrardy gouf den 30. Oktober 1985 beim Asaz bei engem Iwwerfall op de Sëtz vun der BIL an der Stad Lëtzebuerg erschoss, wéi den Nico Reisdorff zu Giwenech souz), 13 blesséiert Zivilpersounen an och eng sëllegen Déifställ vun Autoen a Waffen.

D'Muerde sinn eréischt bekannt ginn, nodeem d'Haaptleit vun der Band nom Iwwerfall, bei deem ee Polizist erschoss gouf, no enger Verfollgungsjuegd festgeholl gi waren, an hinnen de Prozess gemaach gouf.

Literatur änneren

  • Jim Welsch: Organisiertes Gewaltverbrechen in Luxemburg: Die 'Waldbilliger Bande' (1983-1985). In: Mord und Todschlag. Begleitband zur gleichnamigen Ausstellung des Historischen Museums der Stadt Luxemburg; Luxemburg, 10. Juli 2009 - 28. Mäerz 2010. (=Publications scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, XIV), Luxembourg 2009, ISBN 978-2-919878-85-7, S. 213-229;
  • Pierre Kohnen: 'Waldbilliger Bande' - Die Polizei unter Beschuss. In: och do, S. 230-235.

Um Spaweck änneren