Djuju
Djuju, gegrënnt als D'Juju Music, zäitweileg och D'Juju, war eng lëtzebuergesch Rockmusek-Band, déi 1983 gegrënnt gouf an déi bis an d'2010er Joren eran aktiv war.
Djuju | |
---|---|
Museksgenre | Latino-, Funk-, Salsa- a Reggae-Fusion |
Grënnung | 1983 |
Memberen |
Jean-Paul "Teacher" Endré (Gittar, Gesang) Jerry Krier (Bass) Rosario Grasso (Percussion, Gesang) Petz Flammang (Drums) Christian "Siggy" Sikorski (Keyboard) Max Cinus (Gittar) |
Haaptleit ware vun Ufank un de Jean-Paul "Teacher" Endré (Gittar, Gesang; 2024 gestuerwen) an de Jerry Krier (Bass), zesumme mam Rosario Grasso (Percussion, Gesang), Petz Flammang (Drums), Christian "Siggy" Sikorski (Keyboard) a Max Cinus (Gittar). Sträppweis waren och de Romain Hoffmann (2010 gestuerwen), de Gérard Valerius, de Frin Lorenz, de Sergio Sardelli an den Eric Falchero mat dobäi[1].
An den 1990er Joren hu si bei hiren Optrëtter och alt opwänneg Büneshowe gemaach, mat Akrobatik, Danz, Feierspäitzerten, Go-go-girls, asw.
Hire Stil gëllt als eng Mëschung vu Latino-, Funk-, Salsa- a Reggae-Rhytmen[2].
Si hunn am Ganzen 9 Albumme publizéiert.
Placken
änneren- D'Juju Music (1983)
- ...
- The Bright Side Of The Moon (2013)
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: René Hoffmann: „Djuju forever!“ tageblatt.lu, 07.08.2013 (nogekuckt: 20.08.2024).
- ↑ „De Jean-Paul Endré ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen.“ rtl.lu, 19.08.2024.