Lëtzebuerger Konschtpräis
De Lëtzebuerger Konschtpräis ass e Konschtpräis, deen zanter 2022 all zwee Joer op Initiativ vum Lëtzebuerger Kulturministère vergi gëtt.
En ass mat 10.000 Euro dotéiert, a soll e Kënschtler fir säi Gesamtwierk auszeechnen, sou wéi och säin nohaltegt Engagement an der Lëtzebuerger Konschtzeen. D'Kënschtlerin oder de Kënschtler muss Lëtzebuerger sinn, oder zu Lëtzebuerg wunnen, oder soss e staarke Bezuch zum Land hunn.[1]
Laureaten
änneren2022
ännerenD'Berthe Lutgen gouf den 11. Oktober 2022 als Laureatin vum éischte Lëtzebuerger Konschtpräis bekannt gemaach[2].
D'Jury huet sech 2022 zesummegesat aus:
- Jamie Armstrong
- Marie-Claude Beaud (Presidentin)
- Lucien Kayser
- Paul Reiles
- Edmond Thill
2024
ännerenDen 2. Lëtzebuerger Konschtpräis gouf den 10. Oktober 2023 postum un de Marc Henri Reckinger verginn.[3]
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Le Luxembourg lance deux nouveaux prix culturels nationaux." lequotidien.lu, 19.09.2022.
- ↑ Berthe Lutgen, lauréate du premier Lëtzebuerger Konschtpräis. mc.gouvernement.lu (11.10.2022). Gekuckt de(n) 11.10.2022.
- ↑ "Konschtpräis 2024 geht an Marc Henri Reckinger." wort.lu, 28.08.2023.