United Instruments of Lucilin


United Instruments of Lucilin ass eng lëtzebuergesch Museks-Formatioun zanter 1999, déi zäitgenëssesch Wierker uropféiert, an och selwer komponéiert. Dat geet vu strenger Noutekompositioun bis hin zu Improviséierter Musek, och mat computerverstäerkten Téin.

United Instruments of Lucilin
Museksgenre Zäitgenëssch Musek
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1999
Websäit http://www.lucilin.lu/accueil

Membere sinn: Julien Leroy (Directioun), Christina Daletska (Mezzo-sopran); André Pons-Valdès a Winnie Cheng (Gei), Danielle Hennicot (Alto), Jean-Philippe Martignoni an Ingrid Schoenlaub (Cello), Louis Siracusa (Kontrabass), Sophie Deshayes (Flütt), Clémence Ganet, (Hautbois), Max Mausen (Klarinett), Olivier Sliepen (Saxophon), Steve Boehm (Cor), Adam Rixer (Trompett), Pascal Meyer (Piano), Guy Frisch (Percussioun).

Am Projet fir de Staatsbudget 2022 huet den Ensembel eng eege Ligne budgetaire kritt a bis 2025 soll dee Budget progressiv op 1.250.000 € gehéicht ginn. Esou soll sécher gestallt ginn, datt Lucilin e professionellen Orchester gëtt. Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek krut am Kader vun enger Konventioun mam Kulturministère 2021 ronn 250.000€, fir 2022 gëtt dëse Budget verduebelt.[1][2]

Domat gëtt Lucilin den 2. professionellen Ensembel nieft dem OPL.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lucilin: Lëtzebuerg kritt en zweete professionelle Museksensembel. Gekuckt de(n) 13.Oktober 2021 um Radio 100,7.
  2. De Budget 2022, Kultur. Gekuckt de(n) 13. Oktober 2021.