Reis-Demuth-Wiltgen

Lëtzebuergeschen Jazz-Trio
(Virugeleet vu(n) Reis Demuth Wiltgen)


Reis-Demuth-Wiltgen ass e lëtzebuergeschen Jazz-Trio vum Michel Reis (Piano), dem Marc Demuth (Bass) an dem Paul Wiltgen (Batterie).

Reis-Demuth-Wiltgen
Museksgenre Jazz
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1998
Websäit https://reisdemuthwiltgen.com/
Memberen Michel Reis (Piano)
Marc Demuth (Bass)
Paul Wiltgen (Batterie)

Si hunn en 1998 gegrënnt, wéi se nach am Lycée waren, a si reegelméisseg zu Lëtzebuerg opgetrueden. Well si duerno allen dräi a verschidde Länner studéiere gaange sinn, hu si eng Zäit laang gepaust an 2011 nees op en Neits zesummefonnt.

2013 hu si hiren no sech benannten éischten Album verëffentlecht, dee gutt bei de Kritiker ukomm ass.[1][2] Duerno si si op vill Jazz-Festivaller an Europa an an Asie gaangen.[2] Am selwechte Joer krute si de Music:LX-Präis als Exportkënschtler vum Joer an der Kategorie "Jazz".[3]

2016 hu si hiren zweeten Album Places in Between verëffentlecht. E gouf zu New York City opgeholl.[4]

Hir drëtt Verëffentlechung, den Album Once in a Blue Moon, hu Reis Demuth Wiltgen am September 2017 opgeholl an d'Joer drop erausbruecht. Am Mäerz 2018 ass den Trio mam bekannten amerikanesche Saxophonist Joshua Redman als Gaaschtmuseker op Tour duerch Europa gaangen.[5] Am selwechte Joer huet den Trio eng zweet Kéier de music:LX-Präis an der Kategoerie "Jazz" gewonnen.[6]

Der Grupp hire véierten Album Sly, deen am Mee 2019 opgeholl gouf, ass am Febuar 2021 um italieenesche Plackelabel Cam Jazz erauskomm, wéi den Alum virdrun och.[7] Den Albumcover mat engem Fuuss an den Titel ("sly" kann een als "schlau" iwwersetzen) sinn eng Referenz op dem Michel Rodange seng Fabel vum Renert an eng Hommage um Trio säi Heemechtsland.[8],[9],[10]

Albumen änneren

  • 2013: Reis Demuth Wiltgen
  • 2016: Places in Between
  • 2018: Once in a Blue Moon
  • 2021: Sly

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. autrerivage.com
  2. 2,0 2,1 republicofjazz
  3. Presentatioun op musiclx.lu
  4. Places in Between op jpc.de (gekuckt den 11. Februar 2017)
  5. europejazz.net: Reis Demuth Wiltgen on tour with Joshua Redman (net datéiert)
  6. Jeff Schinker in tageblatt.lu: Politischer Druck auf rotem Teppich: Die „Luxembourg Music Awards“ polemisieren" (20. Dezember 2018)
  7. jazzmusicarchives.com: Presentatioun vum Alvum Sly (net datéiert)
  8. jazzradar.com: Kritik vu Sly (1. Mäerz 2021)
  9. delano.lu: Get new jazz album (net datéiert)
  10. lequotidien.lu: Reis-Demuth-Wiltgen sort de sa tanière (23.Februar 2021)