Lëscht vun de Bauwierker op der kanaliséierter Musel
Wikimedia-Lëschtenartikel
Um Spaweck
ännerenCommons: Bauwierker op der kanaliséierter Musel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Bemierkungen
änneren- ↑ Ënner dem N° sinn d'Schleisen opgezielt wéi se der Rei no vun ënnen no uewe kommen
- ↑ De PK gëtt d'Kanalkilometeren un. Déi entspriechen net de Muselkilometeren
- ↑ Als Héicht ass den Hydrostateschen Niveau ze verstoen
- ↑ Nëmmen déi grouss Schleise ginn opgezielt.
- ↑ D'Längt gëtt a Meteren uginn wéi se augenotz ka ginn
- ↑ Breet tëscht de Maueren a Meteren
- ↑ Uginn a Meteren
- ↑ Well d'Barragë vun de Staustufen an d'Schleisen net iwwerall zesummegehéieren, an et Schleise gëtt déi keen eegene Barrage hunn, bezéien d'Koordinate sech op d'Mëtt vun der Haaptschleis
- ↑ Bezunn op d'Moyenne vum Rhäinpegel
- ↑ Am Bau soll 2011 fäerdeg sinn
- ↑ D'Schleis gouf de 17. August 2009 ageweit
- ↑ Zu Detzem ass Schleis net un de Barrage ugebaut. De Barrage steet eng ronn 530 Meter flossopwäerts, an ass vun der Schleis duerch eng Insel getrennt, déi ongeféier 1.120 m laang an 230 m breet ass.
- ↑ Well dës Schleis just virun där vun Opech ass an där hir Héicht an NGF uginn ass, ginn zu Stadbriedemes déi zwou Coten uginn, well soss d'Rechnung mat dem Niveausënnerschesd vun Opech falsch schéngt.
- ↑ Op dëser Staustuf ass de Barrage net un d'Schleis ugebaut. En ass duerch eng Insel déi ronn 400 m laang a 70 m breet ass dovu getrennt. D'Schleis steet a Frankräich, d'Wier deelweis op franséischem a lëtzebuergeschem Terrain, an d'hydroelektresch Zentral ganz op Lëtzebuerger Buedem a gëtt vun der SEO exploitéiert.
- ↑ D'Schleis vu Kœnigsmacker läit op engem separate Kanaldeel an enger Muselschleef, de Barrage dovu steet 550 Meter nordwestlech dovun am ale Musellaf
- ↑ 16,0 16,1 Well de Barrage net op der Streck vun der kanaliséierter Musel steet gëtt keng Distanzdonnée
- ↑ D'Schleise vun Diddenuewen bilden d'Ausfart vum Hafen no ënnen. De Barrage vun der Staustuf steet 3,5 km südlech dovun. D'Schleis vun Diddenuewen huet den Numm Écluse Robert Schuman
- ↑ Sites et reères de crues
- ↑ Déi Schleis huet kee Wier, si ass am Kanal laanscht Musel agebett a gëtt vun der Schleis vun Talange matgefiddert
- ↑ De Barrage vun der Staustuf steet 4,2 km südlech dovun
- ↑ De Barrage vun der Staustuf steet 1,45 km südwestlech vun der Schleis
- ↑ De Barrage steet 350 m südwestlech vun der Schleis am ale Musellaf
- ↑ De Barrage vun der Staustuf steet 7,6 km südlech dovun nieft der D910 zu Pont-à-Mousson
- ↑ Zu Blénod-les-Pont-à-Mousson steet d'Schleis op enger eegener Kanalstreck. De Barrage steet 4,8 km südlech dovun am Musellaf
- ↑ De Barrage vun der Staustuf steet 1,7 km südlech dovun. D'Schleis steet an enger Kanalstreck
- ↑ Ausser der Staustuf gëtt et zu Frouard nach zwou Schleisen déi net direkt zur kanaliséierter Musel gehéieren, mä zum Marne-Rhäin-Kanal, awer hei sollen ernimmt ginn, well ouni déi ass den Hafe vu Frouard net accessibel. Kuckt dofir den Artikel Schleise vu Frouard.
- ↑ De Barrage ass vun der Schleis duerch eng 750 m laang an 110 m breet Insel getrennt. Um lénksen Uwänner iwwer d'Strooss ewech ass fréier en Deel vum Marne-Rhäin Kanal gelaf. Bei der Kanaliséierung vun der Musel gouf dovun e groussen Deel zougetippt, an de Marne-Rhäin Kanal benotzt elo vun Toul bis op Frouard de Muselkanal.
- ↑ D'Schleis läit op enger Kanalstreck an huet keng eege Staustuf. Si gëtt iwwer d'N°26 vun Toul matgefiddert.
- ↑ De Barrege vun der Staustuf steet 1,5 km südlech dovun
- ↑ De Barrage steet 170 m flossop an ass vun der Schleis duerch eng 640 m laang a 50m breet Insel getrennt
- ↑ D'Schleis vun Neuves-Maisons huet keng eege Staustuf. Si gëtt iwwer den Hafebaseng gefiddert, an dee kritt säi Waasser aus dem Säitenaarm vum Canal de l'Est dem Canal des Vosges, fréier Canal de l'Est branche Sud (CeBS) genannt.