Société électrique de l'Our
(Virugeleet vu(n) SEO)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Société électrique de l'Our, kuerz SEO[1] ass eng Aktiegesellschaft déi den 29. Mee 1951 gegrënnt gouf. Si huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg. Haaptaktionäre si mat jeeweils 40,3 % de Lëtzebuerger Staat an dee däitschen Energieversuergungskonzern RWE Power.
Nieft dem Pompelspäicherwierk Veianen bedreift d'SEO och deelweis iwwer Duechtergesellschaften 12 Lafwaasserkraaftwierker an ass bei en ettleche Wandenergieanlage bedeelegt.
D'SEO ass u follgende Gesellschaften, déi am Beräich vun den erneierbaren Energië schaffen, bedeelegt:
- Agence de l'Energie S.A.
- Cedecel France S.A.: exploitéiert 4 hydroelektresch Zentralen a Frankräich, déi am Zesummenhank mat der Kanaliséierung vun der Musel gebaut goufen, an zwar déi op de Wierker vu Koenigsmacker, Uckange, Liégot a Pompey. De Stroum deen do produzéiert gëtt un d'franséischt Stroumnetz geliwwert.
- Cefralux S.à r.l.: exploitéiert déi hydroelektresch Zentral op der Staustuf Schengen-Opech.
- Soler S.A.: gehéiert zu 50 % der SEO an zu 50 % der CEGEDEL an exploitéiert follgend Kraaftwierker: Kraaftwierk Rouspert, Kraaftwierk zu Ettelbréck an d'Kraaftwierker zu Esch-Sauer.
- Wandpark Burer Bierg S.A.
- Wandpark Gemeng Hengischt S.A.
- Wandpark Kehmen-Heischent S.A.
- Windpower S.A.
Um Spaweck
ännerenNotten
änneren- ↑ D'Ofkierzung SEO respektiv S.E.O. gëtt an der Praxis op zwou Manéieren ausgeschwat: offiziell gëtt se als Sigel ausgeschwat, deemno [s e o] (all Buschtaf eenzel), am Volleksmond éischter als Akronym [seeo] (als ee Wuert).