D'Schleis vu Kœnigsmacker ass eng Schleis op der kanaliséierter Musel um rietsen Uwänner tëscht den Uertschafte Kœnigsmacker a Kettenuewen.

D'Schleis mat Vue op déi ënnescht Paart

Et ass eng Schleis mat enger rechteckeger Schleisekummer mat enger notzbarer Längt vun 172 Meter, an enger Breet vun 12 Meter. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Schleisebaseng an dem ënneschten ass 3,90 Meter. D'Wasserhéicht an der Schleis bei oppener ënneschter Paart ass 3,00 Meter. Déi hydrostatesch Héicht vum ieweschte Schleisebaseng ass 148,90 Meter.

D'Schléis déi um Kanalkilometer 258,17 steet gouf tëscht dem Juli 1958 an dem Juni 1961 gebaut.

Muselopwäerts gekuckt ass et déi éischt Schleis déi net am Bett vun der Musel steet, mä an engem separate Kanal, deen anengems e grousse Meander vun der Musel ofkierzt. De Kanal ass eng ronn 70 Meter breet an 1.225 Meter laang. D'Schleis gouf sou ugeluecht. datt op der rietser Säit d'Méiglechkeet besteet fir ouni ze vill groussen Opwand eng zweet kënnen ze bauen.

Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110,00 × 11,40 fueren, a fir de franséischen Deel vun der Musel kann de Service Navigation du Nord-Est Autorisatioune ginn, fir Schëffer mat Längte vun 135 Meter, oder Schubschëffer bis zu 170 Meter.[1]

Fir de Waasserstand am ieweschte Schleisebaseng ze garantéieren, gouf am Muselmeander de Barrage Kœnigsmacker opgeriicht.

2007 krut Schleis nei Paarten.

E puer Zuelen zum Bau änneren

  • Terrassementer: 720.000 m³
  • Verschaffte Bëtong: 50.000 m³
  • Befestigunge mat Steng: 30.000 m³
  • Bëtongsstol: 870 Tonnen
  • Konstruktiounsstol: 680 Tonnen
  • Palplanchen: 1.600 Tonnen

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Service Navigation du Nord-Est


Staustufen op der Musel
  Neuves-Maisons - Villey-le-Sec - Toul - Fontenoy-sur-Moselle - Aingeray - Frouard-Pompey - Custines - Blénod - Pagny-sur-Moselle - Ars-sur-Moselle - Metz - Talange - Richemont - Thionville - Kœnigsmacker -     Schengen-Opech     Stadbriedemes-Palzem - Gréiwemaacher-Wellen   Trier - Detzem - Wintrich - Zeltingen - Enkirch - St. Aldegund - Fankel - Müden - Lehmen - Koblenz