Fontenoy-sur-Moselle ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est, am Dall vun der Musel.

Fontenoy-sur-Moselle
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Toul
Kanton Nord-Toulois
Postcode 54840
Gemengecode 54202
Koordinaten 48° 42’ 43’’ N
      05° 58’ 55’’ O
Fläch  554 ha
Bevëlkerung  195 (1999)

Fontenoy ass un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'SNCF-Linn 29 Nanzeg - Bar-le-Duc.

Um lénksen Uwänner vun der Musel kann ee Reschter vum Marne-Rhäin Kanal gesinn, dee bei der Kanaliséierung vun der Musel op deem Trajet opgi gouf.

Geschicht änneren

Fréier Nimm vu Fontenoy waren:

  • Fontenoy-lez-Gondreville
  • Fontenoy-en-Haye

Kuckt och änneren