Staustuf Gréiwemaacher-Wellen
D'Staustuf Gréiwemaacher-Wellen (fr. Barrage-écluse de Grevenmacher) steet um Kanalkilometer 212,85 vun der Musel tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Gréiwemaacher an der däitscher Uertschaft Wellen.
D'Staustuf gouf vun 1962 bis 1964 am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel gebaut.
Elementer vun der Staustuf
ännerenVum Lëtzebuerger Uwänner bis un déi Däitsch Säit komme follgend Elementer hannereneen:
- Eng Schëffsschleis fir grouss Schëffer: d'Schleisekummer ass 170 m laang an 12 m breet an huet eng Falhéicht vu 6,25 Meter. Den hydrostatesche Stauspigel ass bei 136,70 m (NG-L).
- Eng Bootsrutsch fir kleng Booter, z. B. Kayaken
- Eng Bootsschleis fir Sportsbooter
- E Wier mat:
- Enger Leeder fir Éilen bannen an engem Pilier an der Mëtt vum Wier
- Enger Fëschleeder
- Engem Lafwaasserkraaftwierk, dat vun der SEO bedriwwe gëtt.
Literatur
änneren- Giuliani, Alfred, 1966: "Les centrales hydro-électriques de la Moselle." pp. 88–115 in: Le port de Mertert et la navigation de la Moselle. Société du port fluvial, Mertert.
right
Illustratiounen
änneren-
Ausfaart vun der Schëffsschleis
Vue flossopwäerts -
D'Steierbréck vun der Maacher Staustuf
-
D'Steierbréck vun der Strooss aus gesinn
-
Ausfaart vun der Schëffsschleis
Vue flossofwäerts -
Iwwerbléck iwwer d'Staustuf
Staustufen op der Musel | |
---|---|
Neuves-Maisons - Villey-le-Sec - Toul - Fontenoy-sur-Moselle - Aingeray - Frouard-Pompey - Custines - Blénod - Pagny-sur-Moselle - Ars-sur-Moselle - Metz - Talange - Richemont - Thionville - Kœnigsmacker - Schengen-Opech Stadbriedemes-Palzem - Gréiwemaacher-Wellen Trier - Detzem - Wintrich - Zeltingen - Enkirch - St. Aldegund - Fankel - Müden - Lehmen - Koblenz |