D'Schleis vun Neuves-Maisons ass déi lescht Schleis vun der kanaliséierter Musel.

D'Stolwierk zu Neuves-Maisons, vu Pont-Saint-Vincent gesinn, läit um Hafen an op der Schleis Neuves-Maisons.

Et ass eng Schleis mat enger rechteckeger Schleisekummer an enger notzbarer Längt vun 172 Meter, an enger Breet vun 12 Meter. Si mécht iwwer den Hafebaseng vun Neuves-Maisons den Uschloss no uewen un de Canal des Vosges. Fir dës Schleis gëtt kee Wier, si kritt hiert Waasser iwwer de Canal des Vosges dee sengersäits säi Waasser haaptsächlech vun der Musel iwwer de Kanal vun Épinal kritt. Den Niveausënnerscheed tëscht dem Hafebaseng an dem ënneschte Schleisebaseng ass 7,10 Meter. D'minimal Waasserhéicht an der Schleis bei oppener ënneschter Paart ass 2,80 Meter. D'hydrostatesch Héicht vum Hafebaseng ass 220,60 Meter.

Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110,00 x 11,40 fueren, a fir de franséischen Deel vun der Musel kann de Service Navigation du Nord-Est Autorisatioune ginn, fir Schëffer mat Längte vun 135 Meter, oder Schubschëffer bis zu 170 Meter.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Service Navigation du Nord-Est


Staustufen op der Musel
  Neuves-Maisons - Villey-le-Sec - Toul - Fontenoy-sur-Moselle - Aingeray - Frouard-Pompey - Custines - Blénod - Pagny-sur-Moselle - Ars-sur-Moselle - Metz - Talange - Richemont - Thionville - Kœnigsmacker -     Schengen-Opech     Stadbriedemes-Palzem - Gréiwemaacher-Wellen   Trier - Detzem - Wintrich - Zeltingen - Enkirch - St. Aldegund - Fankel - Müden - Lehmen - Koblenz