Ekliptikal Längt
D'ekliptikal Längt λ ass, nieft der ekliptikaler Breet β, eng vun den zwou Himmelskoordinaten vum ekliptikale Koordinatesystem.
![Ekliptikschréi, Himmelskoordinaten](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0a/Ekliptik4.png/400px-Ekliptik4.png)
Si gëtt vum Fréijoerspunkt aus no Osten, also am selwechte Sënn laanscht d'Ekliptik un, wéi d'Uertsverännerung vun der Sonn verleeft.
Déi zweet Koordinat, d'Breet β, gëtt vun der Ekliptik aus a Richtung op d'Ekliptikpole gerechent.
D'equatorial Himmelskoordinaten d'Rektaszensioun α an d'Deklinatioun δ loosse sech mat sphärescher Trigonometrie an Ekliptikschréi ε – mat ε ≈ 23,44° – an d'ekliptikal Koordinaten (λ, δ) ëmrechnen (kuckt de klengen Dräieck riets op der Skizz). Dës Koordinatentransformatioun ass fir d'Berechnung vun den Ëmlafbunne vu Planéiten an anere Kierper vum Sonnesystem noutwendeg.