Als Iewescht Konjunktioun bezeechent een dat Himmelsevenement, bei deem e bannenzege Planéit, vun der Äerd aus gesinn, hanner der Sonn steet. A Fro kommen do nëmmen de Merkur oder d'Venus. (Kuckt dozou och d'Zeechnung). E weist eis da seng voll beliicht Säit (sou wéi beim Vollmound) an zitt onobservéierbar meeschtens nërdlech oder südlech laanscht d'Sonn.

Konjunktiounen

Wann eng Iewescht Konjunktioun an der Géigend vun de Bunnkniet vun der Merkur- oder Venusbunn ass, da kënnen déi Planéite vun der Sonnescheif bedeckt ginn, wat awer wéinst dem Ënnerscheed vun der grousser Hellegkeet net observéiert ka ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie