Als Planéiteschleef oder Oppositiounsschleef nennt een dee Phenomeen, dee jiddwer ieweschte Planéit (Mars bis Neptun) an de Méint ëm seng Oppositioun, d. h. wann hie vun der Äerd aus gesinn mat der Sonn e Wénkel vun 180° aschléisst, um Stärenhimmel visuell zeréckwandert, fir spéider seng rechtleefeg Bunn nees virunzesetzen. Dat geschitt, well d'Äerd op der "bannenzeger Bunn" méi séier ass. Doduerch schéngt den observéierte Planéit op der Plaz stoen ze bleiwen a seng Beweegungsrichtung dann ëmzekéieren. Och all ënneschte Planéit (Merkur a Venus) verhale sech sou am Beräich vun hirer ënneschter Konjunktioun, well deen dann d'Äerd iwwerhëlt.

Schematesch Animatioun vun der Marsschleef. D'Äerd (E) zitt laanscht de Mars (M), wouduerch déi visuell Positioun vum Mars (M') eng Zeréckbeweegung mécht.
Dem Jupiter seng bal all 13 Méint duerchlafe Planéiteschleef um Stärenhimmel (vun der Südhemispher gesinn; vun der Nordhemispher gesi wier déi rechtleefeg Beweegung vu riets no lénks)
D'Marsoppositioune vun 2003 bis 2018. Relativ Beweegung vum Mars zu der Äerd, mat der Äerd am Zentrum. Usiicht op d'Ekliptik.

Am ale Babylon huet een d'Réckwäertsbeweegunge vun de Planéiten duerch Extrapolatioun vun hire fréiere Bunnen prognostizéiert. Am Hellenismus hunn d'Astronomen dunn eng Theorie vu Planéitebeweegungen, déi sougenannt Epizykeltheorie entwéckelt, déi eng ganz genee d'Prognos vu Planéiteschleefen erlaabt huet. An der fréier Neizäit, am heliozentresche System vum Nicolaus Copernicus, goufen dunn d'Planéiteschleefen op eng Aart a Weis erkläert, wéi mer s'och haut nach fir richteg halen: Wann ee vun den ieweschte Planéite vis-à vis vun der Sonn steet ("an Oppositioun steet"), da steet d'Äerd tëscht him an der Sonn. Wéinst hirem méi séieren Ëmlaf iwwerhëlt d'Äerd den distanzéierte Planéit bannen, soudatt dee sech fir e puer Woche visuell réckleefeg ("retrograd") beweegt.

Wann d'Äerd sech virum Iwwerhuele genee op de Planéit zoubeweegt, schéngt hien e puer Deeg virum Stärenhannergrond stoen ze bleiwen (am Bild de Punkt S1). E puer Méint méi spéit, nodeem d'Äerd de Planéit iwwerholl huet, leeft si vum Planéit ewech, an en zweete Stop trëtt an (S2).

D'Ëmkéierpunkte bei deene sech e Planéit fir e puer Deeg bal net weiderbeweegt, nennt ee "Stëllstand". Well awer d'Bunnepläng vun de Planéiten net exakt mat der Ekliptik zesummefalen, handelt et sech streng geholl ëm Stëllstänn an ekliptikaler Längt. Wéinst den Ännerunge vun der ekliptikaler Breet wärend dem Stëllstand kritt déi visuell Bunn amplaz vu richtegen Ëmkéierpunkten eng Schleefform. Sou Oppositiounsschleefe loosse sech ganz gutt beim Mars observéieren.

Wann zwéi Planéiten an der Zäit ëm hir Oppositioun dat selwecht Stärebild duerchwanderen, kann et virkommen, datt sech hir Schleefen iwwerlageren a si sech net nëmmen eemol, mä dräimol begéinen; dat gëtt dann dräifach Konjunktioun genannt. All puer Joerhonnerte geschitt dat fir de Jupiter an de Saturn.

Konstruktioun vun enger Planéiteschleef änneren

 
Planéiteschleefkonstruktioun vun engem ieweschte Planéit

D'Bild niewendrun weist déi visuell schleefefërmeg Bunn fir d'Beweegung vun der Äerd ëm d'Sonn. Déi schleefefërmeg Bunn ergëtt sech duerch eng Projektioun vun der Beweegung vum vergläichsweis noe Planéit op den Hannergrond vun de Stären déi wäit ewechleien. Si ergëtt sech also duerch d'Parallax tëscht Äerd, Planéit a Fixstären-Hannergrond.

An engem hallwe Joer leet eis Äerd d'Streck vun de Punkten 2 bis 14 zeréck (kuckt Bild ënnen). Am selwechten Zäitraum leet dee Planeit dee méi wäit vun der Sonn ewechläit (d. h. ieweschte) wéinst senger méi klenger mëttlerer Orbitalvitesse méi eng méi kuerz Streck zeréck, déi zousätzlech duerch déi méi grouss Distanz däitlech manner gekrëmmt ass.

Wann een elo d'Punkte mat den entspriechenden Zäitpunkte verbënnt an de de Stral op de Fixstärenhannergrond verlängert, dann ergëtt sech visuell, vun de Punkten 1 bis 3 eng gläichlafend, vun de Punkten 3 bis 5 eng réckleefeg a vun de Punkte 5 bis 7 nees eng gläichlafend Beweegung. Déi entspriechend Projektioun op de Fixstärenhannergrond ergëtt déi schleefefërmeg Bunn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren