D'Kommissioun Juncker ass de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker . Si huet den 1. November 2014 hir Funktioun ugetrueden als d'Nofollgerin vun der Kommissioun Barroso II . Si besteet aus engem President a 27 Commissairen, wouvunner der 7 Vizepresident sinn.
De Jean-Claude Juncker .
Am Juli 2014 hunn 422 Deputéiert vum Europäesche Parlament fir de Juncker gestëmmt, 250 géint en, 47 hu sech enthalen, 10 Stëmme waren ongëlteg an 22 goufen net ofginn.
Déi eenzel Commissairë ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vum President erausgesicht; et ass och hien, deen d'hir Aarbechtsberäicher festleet.
Nodeems déi eenzel Kandidaten op e Kommissärsposte vum Europäesche Parlament ausgefrot goufen (wouropshin ee Kandidat huet missen ersat ginn), huet d'Parlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergéint (bei 67 Enthalungen) der Juncker-Kommissioun säi Vertrauen ausgeschwat.
D'Commissairë schaffen a sougenannte Clusteren (am Ganze fënnef) zesummen, d. h. a Politikberäicher, déi ënner dës 5 Rubricke falen (si entspriechen deene vum EU-Budget):
Intelligenten an inklusive Wuesstem
Nohaltege Wuesstem an natierlech Ressourcen
Sécherheet a Biergerrechter
Globaalt Europa
Administratioun
D'Ekipp vun der Kommissioun Juncker
änneren
Cluster
Ressort
Commissaire/-in
Memberstaat
national Partei
europäesch Partei
Foto
President
Jean-Claude Juncker
Lëtzebuerg
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Europäesch Vollekspartei
Globaalt Europa
Héich Representantin fir Aussen- a Sécherheetspolitik ; Vizepresidentin
Federica Mogherini
Italien
Partito Democratico
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
1. Vizepresident; Besser Reguléierung
Frans Timmermans
Holland
Partij van de Arbeid
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Vizepresidentin; Budget
Kristalina Georgiewa
Bulgarien
GERB
Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Digitale Maart
Andrus Ansip
Estland
Estnische Reformpartei
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresident; Euro a Sozialdialog; Finanzstabilitéit, Finanzservicer a Kapitalmäert
Valdis Dombrovskis
Lettland
Vienotība
Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Aarbecht, Wuesstem a Kompetitivitéit
Jyrki Katainen
Finnland
Nationale Sammlungspartei
Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Energie-Unioun
Maroš Šefčovič
Slowakei
SMER – sociálna demokracia
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Landwirtschaft
Phil Hogan
Irland
Fine Gael
Europäesch Vollekspartei
Klima
Miguel Arias Cañete
Spuenien
Partido Popular
Europäesch Vollekspartei
Konkurrenz
Margrethe Vestager
Dänemark
Det Radikale Venstre
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Digital Ekonomie
Günther Oettinger
Däitschland
Chrëschtlech Demokratesch Unioun vun Däitschland
Europäesch Vollekspartei
Ekonomie, Steieren, Douane
Pierre Moscovici
Frankräich
Parti socialiste
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Educatioun a Kultur
Tibor Navracsics
Ungarn
Fidesz
Europäesch Vollekspartei
Emploi, Soziales, Aarbechtsmobilitéit
Marianne Thyssen
Belsch
CD&V
Europäesch Vollekspartei
Fëscherei, maritim Affairen, Ëmwelt
Karmenu Vella
Malta
Partit Laburista
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
EU-Noperschaftspolitik an Erweiderungsverhandlungen
Johannes Hahn
Éisträich
Österreichische Volkspartei
Europäesch Vollekspartei
Sécherheet
Julian King
Vereenegt Kinnekräich
keng
keng
75px
Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet
Vytenis Andriukaitis
Litauen
LSDP
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Humanitär Hëllef a Krisemanagement
Christos Stylianides
Zypern
Dimokratikos Synagermos
Europäesch Vollekspartei
Bannemaart, Industrie, Entreprisen, PMEen
Elżbieta Bieńkowska
Polen
Biergerplattform
Europäesch Vollekspartei
Entwécklungspolitik
Neven Mimica
Kroatien
Socijaldemokratska partija Hrvatske
Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Justiz, Konsumenten a Gender-Gläichheet
Věra Jourová
Tschechesch Republik
ANO 2011
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Migratioun a Bannescht Sécherheet
Dimitris Avramopoulos
Griicheland
Nea Dimokratia
Europäesch Vollekspartei
Regiounen
Corina Creţu
Rumänien
Partidul Social Democrat
Europäesch Vollekspartei
Recherche
Carlos Moedas
Portugal
Partido Social Democrata
Europäesch Vollekspartei
Baussenhandel
Cecilia Malmström
Schweden
Moderata samlingspartiet
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Verkéier, Weltraumpolitik
Violeta Bulc
Slowenien
Stranka Mira Cerarja
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa