Kommissioun Barroso II

Europäesch Kommissioun (2010 bis 2014)

D'Kommissioun Barroso II war de Collège vun Europäesche Kommissären ënner dem President José Manuel Barroso. Si war vum 10. Februar 2010 bis den 31. Oktober 2014 am Amt. Si war d'Nofollgerin vun der Kommissioun Barroso I. Si bestoung aus dem President a bis den 31. Dezember 2012 aus 26 Kommissären, wouvunner der 7 Vizepresident waren. Nom Bäitrëtt vu Kroatien koum 1 weidere Kommissär bäi.

De José Manuel Barroso.

D'Ekipp vum José Manuel Barroso

änneren
Porte-feuille Kommissär Memberstaat national Partei europäesch Partei Foto
President José Manuel Barroso   Portugal PSD EVP  
Vizepresidentin; Aussen- a Sécherheetspolitik Catherine Ashton   Vereenegt Kinnekräich Labour SPE  
Vizepresidentin; Informatiounsgesellschaft a Medien Neelie Kroes   Holland VVD ELDR  
Vizepresident; Institutionell Bezéieungen a Verwaltung Maroš Šefčovič   Slowakei SMER (steet hir no) SPE (steet hir no)  
Vizepresidentin; Justiz, Fräihäit a Sécherheet Viviane Reding   Lëtzebuerg CSV EVP  
Vizepresident; Entreprisen an Industrie]] Antonio Tajani   Italien PdL EVP  
Vizepresident]]; Verkéier Siim Kallas   Estland ERP ELDR  
Vizepresident; Konkurrenz Joaquín Almunia   Spuenien PSOE SPE  
Beschäftegung, Soziales a Chancëgläichheet László Andor   Ungarn MSZP SPE  
Bildung, Kultur, Jugend a Méisproochegkeet Androulla Vassiliou   Zypern EDI ELDR  
Bannemaart a Servicer Michel Barnier   Frankräich UMP EVP  
Energie Günther Oettinger   Däitschland CDU EVP  
Entwécklungshëllef Andris Piebalgs   Lettland LC ELDR  
Erweiderung an europäesch Noperschaftspolitik Štefan Füle   Tschechesch Republik CSSD (steet er no) SPE (steet er no)  
Budget Janusz Lewandowski   Polen PO EVP  
Fëscherei a maritim Affären Maria Damanaki   Griicheland PASOK SPE  
Wëssenschaft an Innovatioun Máire Geoghegan-Quinn   Irland FF ELDR  
Gesondheet a Konsumenteschutz Tonio Borg   Malta PN EVP  
Handel Karel De Gucht   Belsch Open VLD ELDR  
Humanitär Hëllef a Kriseschutz Kristalina Georgiewa   Bulgarien GERB EVP  
Justiz, Fräiheet a Sécherheet Cecilia Malmström   Schweden FL ELDR  
Klimaschutz Connie Hedegaard   Dänemark KF EVP  
Landwirtschaft a ländlech Entwécklung Dacian Cioloș   Rumänien PNL ELDR  
Regionalpolitik Johannes Hahn   Éisträich ÖVP EVP  
Steieren, Douanesunioun a Bedrugsbekämpfung Algirdas Šemeta   Litauen TS-LKD (steet er no) EVP (steet er no)  
Ëmwelt Janez Potočnik   Slowenien LDS (steet er no) ELDR (steet er no)  
Konsumenteschutz Neven Mimica   Kroatien SDP SPE  
Ekonomie a Wärung Olli Rehn (bis Juni 2014)   Finnland Keskusta ELDR  
Jyrki Katainen (zanter Juni 2014)   Finnland Kokoomus EVP  

Um Spaweck

änneren