Kristalina Georgiewa

bulgaresch Ekonomistin

D'Kristalina Iwanowa Georgiewa (op Bulgaresch: Кристалина Иванова Георгиева, och Kristalina Georgieva geschriwwen), gebuer den 13. August 1953 zu Sofia, ass eng bulgaresch Ekonomistin. Si ass zënter 2019 Generaldirektesch vum Internationale Wärungsfong.[1]

Kristalina Georgiewa
Gebuer 13. August 1953
Sofia
Nationalitéit Bulgarien
Educatioun Universitéit fir National- a Weltwirtschaft
Aktivitéit Ekonomist, Universitéitsprofesser, Politiker

Liewen a Karriär

änneren

Hir Universitéitausbildung krut d'Kristalina Georgiewa um Karl-Marx-Insitut zu Sofia, der haiteger Universitéit fir National- a Weltwirtschaft, wou si politesch Ekonomie a Soziologie studéiert huet an tëscht 1977 an 1993 Associéiert Professesch war. An hirer akademescher Karriär war si och Gaaschtwëssenschaftlerin un der brittescher London School of Economics an um amerikanesche Massachusetts Institute of Technology (MIT).[2] Hire wëssenschaftleche Schwéierpunkt louch dobäi op der Ëmweltekonomie. A Bulgarien war si Zeie vum ekonomeschen Zerfall an der Zäit nom Fall vum Kommunismus.[3]

1993 krut si eng Plaz bei der Weltbank, wou si eng vun de fréien Denker iwwer nohalteg Entwécklung an Ëmweltpolitik war. An hirer éischter Period bei der Weltbank hat si eng Schlësselroll bei der schrëttweiser Ofschafung vu verbläitem Bensinn a Mëttel- an Osteuropa. Si huet och d'Politik an de Beräicher Infrastruktur a Stadentwécklung geleet an Länner ënnerstëtzt, déi fragil a vu Konflikt betraff waren. 2008 gouf si Vizepresidentin vun der Weltbank.[1][4][5]

Am Summer 2009 ass si am bulgaresche Parlamentswalkampf fir déi konservativ Partei Bierger fir eng europäesch Entwécklung vu Bulgarien (GERB) opgetrueden an huet als méiglech Kandidatin fir d'Amt vum Premierminister gegollt, dat awer un de Bojko Borissow gaangen ass. Amplaz gouf si vun der bulgarescher Regierung als Member fir d'EU-Kommissioun vum Manuel Barroso proposéiert. 2010 krut si de Portefeuille vun der internationaler Zesummenaarbecht, der humanitärer Hëllef an der Krisereaktioun. An hirer Roll als EU-Kommissärin huet si d'Ressource vun der EU verwalt, déi den Affer vu Krisen an Europa a weltwäit gehollef hunn, ënner anerem nom Äerdbiewen an Haiti am Joer 2010.

D'Kristalina Georgiewa gouf 2014 Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun fir Budget a Personal. Si war verantwortlech fir d'Verwaltung vum Budget vun der EU an Héicht vun 161 Milliarden Euro an 33,000 Employéen. An hir Amtszäit sinn ënner anerem d'Nowéie vun der europäescher Scholdekris an d'Flüchtlingskris 2015 gefall.[2]

Nodeems si ouni Erfolleg fir de Poste vum Generalsekretär vun de Vereenten Natioune (UN) kandidéiert huet,[6] ass si Enn 2016 vun der EU-Kommissioun zréckgetruede fir vum Januar 2017 un d'Leedung vun zwou Institutioune vun der Weltbank ze iwwerhuelen; der Internationaler Bank fir Neiopbau an Entwécklung an der Internationaler Entwécklungsassociatioun. Tëscht 2017 an 2019 huet d'Kristalina Georgiewa als Generaldirektesch vun der Weltbank bedeitend intern Reformen duerchgefouert an déi gréisst Finanzéierungserhéijung an Héicht vun insgesamt 13 Milliarden US-Dollar geséchert. Ufank 2019 huet si nom Récktrëtt vum President Jim Yong Kim fir e puer Wochen d'Interimspresidence vun der Weltbank iwwerholl.[2]

D'europäesch Regierunge si sech 2019 dorops eens ginn, d'Kristalina Georgiewa als Kandidatin fir de Chefposte vum Internationale Wärungsfong (FMI) als Ersatz vun der Christine Lagarde ze proposéieren, déi bei d'Europäesch Zentralbank gewiesselt ass. Eng Reegel an der Satzung vum FMI, datt Kandidate net méi wéi 65 Joer al bei Funktiounsuntrëtt dierfe sinn, gouf fir d'Kristalina Georgiewa annuléiert, a si gouf als nei Generaldirektesch confirméiert.[7] Beim FMI huet d'Kristaline Georgiewa dozou bäigedroen, d'Weltwirtschaft duerch d'COVID-19-Pandemie ze steieren, andeem si Milliarden US-Dollar u Liquiditéit a Reserve bereetgestallt huet, Klimaaspekter an d'FMI-Politik integréiert an déi finanziell a politesch Ënnerstëtzung fir vulnerabel Länner erhéicht huet.[8][9] Am Abrëll 2024 gouf hiert Mandat fir eng zweet Amtszäit mat enger Lafdauer vu fënnef Joer bestätegt.[10]

Si gëllt als eng vun den aflossräichste Fraen op der Welt.[11]

Kuckt och

änneren
Commons: Kristalina Georgiewa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 europarl.europa.eu: Kristalina Georgieva - Full CV (2014)
  2. 2,0 2,1 2,2 imf: Kristalina Georgieva (20. October 2020)
  3. washingtonpost.com: IMF chief cites her life behind Iron Curtain in warning of new Cold War vum David J. Lynch (20. August 2023)
  4. worldbank.org: Phasing Out Lead Gasoline in Central and Eastern Europe (Juni 1997)
  5. businessamlive.com: Meet Kristalina Georgieva, Bulgarian economist who has emerged IMF’s new MD (26. September 2019)
  6. france24.com: ONU : le pari fou de la Bulgare Kristalina Georgieva, en course pour succéder à Ban Ki-moon vum Marc Daou (4. Oktober 2016)
  7. politico.com: Bulgaria’s Georgieva in one-horse race for IMF top job vum Bjarke Smith-Meyer (9. September 2019)
  8. theguardian.com: Kristalina Georgieva: the IMF boss tackling Covid, the climate crisis and, now, war vum Larry Elliott (26. September 2022)
  9. IMF deploys $1 trillion in global liquidity, reserves (7. Oktober 2023)
  10. srf.ch: IWF-Chefin Georgiewa für zweite Amtszeit wiedergewählt (12. Abrëll 2024)
  11. forbes.com: The World's 100 Most Powerful Women (gekuckt den 19. August 2024)