Benediktinerabtei Maria Laach
mëttelalterlech Benediktinerabtei
Maria Laach (vu lat. Maria ad lacum - Maria beim Séi) ass eng mëttelalterlech Benediktinerabtei.
Se läit an der däitscher Äifel, um westlechen Ufer vum Laacher Séi, engem Maar.
Geschicht
änneren- 1093 grënnt de Pfalzgrof Heinrich II. vu Laach d'Klouschter.
- 1112 bestätegt de Pfalzgraf Siegfried vu Ballenstedt d'Stëftung an iwwergëtt se der Abtei Affligem am Brabant zur Besidlung.
- 1802 gëtt d'Abtei an der Sekularisatioun opgehuewen.
- 1820 keeft d'Famill Delius d'Klouschter als Landwirtschaftsbetrib.
- 1855 gi bei engem Brand d'Gebaier zerstéiert.
- 1863 riichten d'Jesuitten hire Collegium Maximum op.
- 1892 kommen d'Benediktinermënchen aus der Äerzabtei Beuron Maria Laach besidelen.
Interessantes
änneren- Op engem Sailekapitell bei der Entrée fir an d'Kierch ass eng Duerstellung vun der Eva déi op engem Däiwel reit. Dësen Däiwel hue eng Narrekap un, dëst ass déi eelst bekannt Duerstellung vu sou enger Kap.
- D'Skulptur aus Holz um Graf vum Stëfter ass déi eelst erhale polychroméiert Statu.
- D'Sailen an de Fënstere am Agank vun der Kierch bestinn aus Kallek dee sech a réimesche Waasserleitungen ofgesat hat.
- An der Krypta stoung schonn virun dem 2. vatikanesche Konzil an der Liturgiereform e mobilen Altor, deen et erlaabt huet d'Mass souwuel mam Reck wéi mam Gesiicht zu der Assistenz ze feieren. Tatsächlech ass Maria Laach eng Plaz wou d'Liturgiereform préparéiert a virugedriwwe gouf.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Benediktinerabtei Maria Laach – Biller, Videoen oder Audiodateien |