Sal (mam ganzen Numm op port.: Ilha do Sal; "Insel vum Salz") ass eng vun de Kapverdeschen Inselen am Atlantik.

Lag

Sal ass mat 216 km² eng vun de méi klengen Insele vum Cap Vert a läit um nordëstleche Rand vum Archipel, an der Inselgrupp Ilhas de Barlavento ("Inselen ënnert dem Wand"). S'ass viru ronn 50 Millioune Joren duerch e Vulkan entstanen, deen haut net méi aktiv ass, an ass relativ flaach, mat just e puer Zeiebierger an engem Kallekplateau. Am Norde si virun allem Lava-Fielsküsten, iwwerdeems am Süden Dünen a Plagen aus hellem renge Sand sinn. Den Numm huet d'Insel wéinstSalinen, wou jorhonnertelaang Salz gewonne gouf.

D'Haaptuertschaft ass Espargos, déi zweetgréisst Santa Maria, da gtt et nach Pedra de Lume, Palmeira a Murdeira. Am ganze wunne 25.657 Leit do (2010).

Administrativ besteet Sal aus engem Krees (Concelho) mat just enger Gemeng (Freguesia), déi Nossa Senhora das Dores heescht.

Sal ass eng vun den dréchenste Plazen op der Äerd, mat 350 Deeg Sonn am Joeran engem kontinuéierlechen Nord-Ost-Wand.

Wirtschaftlech lieft d'Insel haut haaptsächlech vum Tourismus, nodeems de Fluchhafen ausgebaut gouf a ronderëm Santa Maria, laanscht d'Sandplagen, grouss Hotelschaînen hir Etablissementer opgemaach hunn.

Saline am Krater vu Pedra Lume
Saline am Krater vu Pedra Lume

Um Spaweck änneren

Commons: Sal (Cape Verde) – Biller, Videoen oder Audiodateien