Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Senegal. Fir d'Land, kuckt wgl. Senegal.

De Senegal ass e Floss a Westafrika. Säin Anzuchsgebitt bedeckt ongeféier 1,6% vum afrikanesche Kontinent an erstreckt sech iwwer véier Lännner.[1]

Senegal
De Senegal ënner der Bréck vu Saint-Louis
Längt 1 086
Debit 640
Fläch vum Baseng 419.575 km²
Originn
Originn Zesummefloss vum Bafing
a Bakoye
Plaz Bafoulabé
Héicht 95
Koordinaten 13° 48’ 47.43’’ N
      10° 49’ 39.36’’ W
Konfluenz
Leeft an Atlantik
Plaz Saint-Louis
Héicht 0
Koordinaten 15° 55’ 21.52’’ N
      16° 30’ 49.38’’ W
Geographie
Land Senegal
Mauretanien
Mali

En huet seng Quellen a Guinea an am fiichte südwestlechen Deel vum Mali. De Floss entsteet duerch den Zesummefloss vum Bafing an dem Bakoye bei der malescher Stad Bafoulabé. Duerno fléisst en a Richtung Nordwesten a bilt bei Bakel d'Grenz tëscht de Republike Senegal a Mauretanien, éier e bei Saint-Louis an den Atlantik fléisst.

Am Ganzen huet de Senegal eng Längt vun 1.086 Kilometer. Zesumme mam Bafing ass e 1.430 Kilometer laang.

Um Spaweck änneren

Commons: Senegal (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. FAO: The Senegal River Basin