Archipel

inselräich Mieresgéigend

En Archipel [arçi'pe:l], vum laténgeschen Archipelagus, bezeechent eng inselräich Mieresgéigend. Am wëssenschaftleche Sënn ëmfaasst en Archipel d'Land- a Mieresgebitter vun enger inselräicher Regioun. De Begrëff gëtt haut meeschtens als Synonym fir Inselgrupp benotzt, enger Usammlung vun Inselen déi relativ no beienee leien.

E bekannt Beispill: de Galápagos-Archipel (Satellittebild vun der NASA)

D'Wuert Archipel besteet aus den zwéi griichesche Begrëffer αρχι- (archi- = "Haapt-") an πέλαγος (pelagos = "Mier") an huet ursprénglech nëmmen déi inselräich Géigenden an der Egäis bezeechent. Eréischt zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert gi Mieresregioune mat gréisseren Inselgruppen – baussent der griichescher – och als Archipel bezeechent.

Den Ënnerscheed zu enger renger Inselgrupp ass evident: eng Inselgrupp ass eebe just eng Grupp vun Inselen; den Archipel ëmfaasst eng Inselgrupp zesumme mat dem Mier wat dertëscht a ronderëm läit.

Gréisser Inselgruppen an Archipelen änneren

Atlanteschen Ozean änneren

Pazifeschen Ozean änneren

Indeschen Ozean änneren

Arkteschen Ozean änneren

Südlechen Ozean änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Archipelen – Biller, Videoen oder Audiodateien