Ulisses Correia e Silva

De José Ulisses de Pina Correia e Silva, gebuer de 4. Juni 1962 zu Praia, ass e kapverdianesche Geschäftsmann a Politiker.

Ulisses Correia e Silva
Gebuertsnumm José Ulisses de Pina Correia e Silva
Gebuer 4. Juni 1962
Praia
Nationalitéit Cap Vert
Aktivitéit Politiker

Nodeems seng Partei, de Movimento para Democracia (MpD), den 20. Mäerz 2016 d'Parlamentswale gewonnen hat, gouf hien den 22. Abrëll 2016 zum neie Premierminister ernannt. Bei de Wale vum 18. Abrëll 2021 krut d'MdP nees déi meescht Stëmmen, an hie gouf a senger Fonctioun konfirméiert.

De Silva huet tëscht 1989 an 1994 am Bankesecteur geschafft a gouf Verwaltungsdirekter vun der Banco de Cabo Verde. Gläichzäiteg huet hien op der Jean Piaget Universitéit enseignéiert. 1995 bis 1998 war hie Staatssekretär fir Finanzen a vun 1999 bis 2000 Finanzminister a sengem Land.

Um Spaweck änneren

Commons: Ulisses Correia e Silva – Biller, Videoen oder Audiodateien